factograf
LB
Sign in

amerikanesch Schrëftstellerin

Toni Morrison

Toni Morrison

Key facts

Gebuertsdatum18. Februar 1931
Doudesdatum5. August 2019
AktivitéitSchrëftsteller, Romancier, Librettist
DoudesplazBronx
EmployeurPrinceton Universitéit
AuszeechnungNobelpräis fir Literatur
All data from the card 12
Gebuertsnumm
Chloe Ardelia Wofford
Gebuer
18. Februar 1931
Gestuerwen
5. August 2019Bronx
Alter
88 Joer
Doudesursaach
Longenentzündung
Nationalitéit
USA
Educatioun
Cornell Universéit
Aktivitéit
Schrëftstellerin, Romancière, Librettistin, Universitéitsprofessesch, Dichterin, Kannerbuchautorin, Lauschterbuchspriecherin, Redaktesch, Essayistin
Member vun
American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences, Alpha Kappa Alpha
Auszeechnungen
Nobelpräis fir Literatur, Chevalier vun der Légion d'honneur‎, Commandeur des Arts et des Lettres‎, Presidential Medal of Freedom, Library of Congress Living Legend
Bestuet mat
Harold Morrison (1958–1964)
Websäit
https://tonimorrisonsociety.org

D'Toni Morrison, gebuer als Chloe Ardelia Wofford den 18. Februar 1931 zu Lorain am Ohio, a gestuerwen de 5. August 2019 zu New York City, war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin. Si gëtt zu de bedeitendste Vertrieder vun der afroamerikanescher Literatur gezielt a krut 1993 de Literaturnobelpräis.

Liewen

D'Toni Morrison war dat zweet vu véier Kanner vun enger afroamerikanescher Aarbechterfamill, dat vu kleng u gär gelies huet. Vun 1949 bis 1955 huet si op der Howard University zu Washington, D.C. an op der Cornell University Anglistik studéiert a mat engem Master of Arts ofgeschloss. Si gouf dono Dozentin fir Englesch Literatur, fir 2 Joer op der Texas Southern University zu Houston, an dono op der Howard University. Si war vun 1958 bis 164 mam jamaikaneschen Architekt Howard Morrison bestuet, mat deem se zwéi Jonge krut. No hirer Scheedung war si vun 1967 bis 1983 Lektorin am Random House Verlag, wou si eng wichteg Roll dobäi gespillt huet, der afroamerikanescher Literatur ze hëllefen, sech z'etabléieren. 1970 huet si hiren éischte Roman, The Bluest Eye, publizéiert. 1974 koum Sula eraus, béid krute gutt Kriticken, ma eréischt mat Song of Solomon (1977) hat si och Succès beim Public.

D'Toni Morrison huet, wärend se Lektorin war, och nees als Dozentin geschafft; 1988 gouf se Member vun der American Academy of Arts and Sciences, 1989 Professorin fir Geeschteswëssenschaften an huet zanterhier e Léierstull op der Princeton Universitéit.

Nieft dem Nobelpräis fir Literatur krut si ë. a. och de Pulitzer-Präis (1988) an de Premio Grinzane Cavour (2001). 2010 gouf d'Toni Morrisson als Ritterin an d'Légion d'honneur opgeholl. 2012 krut se d'Presidential Medal of Freedom vum President Obama iwwerreecht.

Romaner

  • The Bluest Eye, 1970
  • Sula, 1973
  • Song of Solomon, 1977
  • Tar Baby, 1981
  • Beloved, 1987
  • Jazz, 1992
  • Paradise, 1998
  • Love, 2003
  • A Mercy, 2008
  • Home, 2012

Aner literaresch Genren

  • Kurezgeschicht: Recitatif, in Confirmation: An Anthology of African American Women, 1983
  • Drama: Dreaming Emmet, 1986 opgefouert, net publizéiert
  • Libretto: Margaret Garner, 2005 uropgefouert
  • Kannerbicher (zesumme mat hirem Jong Slade):
    • The Big Box, 1999
    • The Book of Mean People, 2002
    • Who's Got Game?: The Lion or the Mouse?, 2003
    • Who's Got Game?: The Ant the Grasshopper?, 2003
    • Who's Got Game?: Poppy or the Snake?, 2004

Aner Publikatiounen (Auswiel)

  • Playing in the Dark: Whiteness and the Literary Imagination, 1992
  • Mat-Editrice vunBirth of a Nationhood, 1996
  • Editrice vun Race-ing Justice, En-Gendering Power, 1992

Literatur iwwer d'Toni Morrison

  • Barbara Hill Rigney: The Voices of Toni Morrison. Ohio State University Press, Columbus OH 1991. ISBN 0-8142-0554-2 (Digitalisat)
  • Heidi Thomann Tewarson: Toni Morrison. Rowohlt, Reinbek 2005, ISBN 3-499-50651-3
  • Linda Wagner-Martin: Toni Morrison: a literary life, Basingstoke [u.a.]: Palgrave Macmillan, 2015, ISBN 978-1-137-44669-5

Gielercher

  • Commandeur de l'Ordre des Arts et des Lettres

Um Spaweck

 Commons: Toni Morrison – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 112 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article