D'Gemeng Habscht ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Äischdall am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Äischen. D'Gemengenhaus steet um Dänn.
Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng sech ëm den Territoire vun der fréierer Gemeng Simmer vergréissert, mat där se fusionéiert huet. Den offiziellen Numm vun der Gemeng zënter der Fusioun ass commune Habscht, virdru war et commune de Hobscheid.
D'Gemeng huet 5.337 Awunner (Stand 1. Januar 2026).
Geographie
D'Gemeng Habscht läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen op der belscher Grenz. Nopeschgemenge si Biekerech a Sëll am Norden, Käerch a Stengefort am Süden, Helperknapp a Kielen am Osten. Am Weste stéisst se un déi belsch Gemeng Arel. Duerch d'Gemeng leeft d'Äisch.
Nopeschgemengen
| Biekerech | Sëll | |||
| Arel (B) | N | Helperknapp | ||
| W Habscht O | ||||
| S | ||||
| Stengefort | Käerch | Kielen |
Uertschaften an der Gemeng
Uertschaften
Féier Gemeng Habscht
Fréier Gemeng Simmer
Häff a Lieu-diten
Féier Gemeng Habscht
- Eechelsbarrière
- Felleschmillen
- Gäichel
- Jénkenhaff
- Kempemillen
- Kräizerbuch
- Léisbech
- Seemillen
- Simmerfarm
- Simmerschmelz
Fréier Gemeng Simmer
Geschicht
Déi ursprénglech Gemeng Habscht ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Wopen
D'Fusiounsgemeng Habscht huet keen eegene Wopen; se benotzt gemenkerhand déi zwéi Wope vun de fréiere Gemengen Habscht a Simmer niewenteneen.
HabschtBeschreiwung am Originaltext:
Taillé de gueules et d'azur à la barre ondée d'argent brochante accompagnée en chef d'une couronne d'or et en pointe d'une fontaine d'argent.
D.C. 17. Juli 1980 - A.M. 6. November 1980 - Mémorial B 1980, Säit 1143 - Projet: Marcel Lenertz 1980
SimmerBeschreiwung am Originaltext:
De gueules à la croix ancrée d'argent chargée en abîme d'une tour crénelée et ouverte de gueules ajourée et maçonnée de sable.
D.C. 27. Juli 1983 - A.M. 4. Oktober 1983 - Mémorial B 1983, Säit 1144- Projet: Marcel Lenertz 1983
Demographesch Entwécklung
Virun der Fusioun (bis 2017)
No der Fusioun (zënter 2018)
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik



Buergermeeschteren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
- ...
- 1844: Jean Schmit
- ...
- 1946: Alex Brickler
- ...
- 1964-1994: Jean Wolff
- ...
- ? bis haut: Serge Hoffmann
Gemengewalen
Bei de Gemengewale vun 2011 gouf zu Habscht eng éischt Kéier nom Proporz- an net méi nom Majorzsystem gewielt. Zur Wal stoungen 11 Gemengeréit (virdrun: 9).
Zesummesetzung
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Fusioun
Am September 2013 hunn d'Buergermeeschtere vun Habscht a Simmer bekannt gemaach, hir Gemenge wëllen ze fusionéieren. Nodeems de 25. Mee 2014 an engem Referendum an der Gemeng Simmer 59,75 Prozent vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt haten, hu sech den 9. November 2014 och an der Gemeng Habscht bei sou engem Referendum 59,3 % vun de Wieler dofir ausgeschwat. 2012 hat Simmer scho wolle mat der Gemeng Käerch fusionéieren; an der leschtgenannter hate sech awer deemools 56% géint eng Fusioun mat Simmer ausgeschwat. De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt.
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf an der Fusiounsgemeng nom Proporzsystem gewielt, iwwerdeems bei de Wale virdrun (2017) an der deemoleger Sektioun Habscht 2017 schonn nom Proporzsystem, an der Sektioun Simmer awer nach nom Majorzsystem gewielt gouf.
Kuckeswäertes



- Habschter Kierch
- D'Kierch an den ale Kierfecht zu Simmer
- D'Buerg vu Simmer (Privatbesëtz)
Interkommunal Syndikater
Kuckt och
Um Spaweck

Commons: Gemeng Habscht – Biller, Videoen an Audiodateien
- Offiziell Säit vun der Gemeng Habscht
- D'Gemeng Habscht op der Websäit vum Syvicol
