Simmer ass eng Uertschaft an der Gemeng Habscht, am Kanton Capellen.
Geschicht
Bis Enn 2017 war Simmer den Haaptuert vun der Gemeng Simmer. Op den 1. Januar 2018 ass dës mat der Gemeng Habscht fusionéiert.
Kuckeswäertes
- D'Buerg vu Simmer (Privatbesëtz)
- D'Kierch vu Simmer an den ale Kierfecht
- Déi siwe Bueren no deenen d'Uertschaft benannt ass
- D'Geessebréck iwwer d'Äisch
- De private Musée 1940/45 iwwer den Zweete Weltkrich
Biller


2 images
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Simmer – Biller, Videoen an Audiodateien
