factograf
LB
Sign in

interkommunale Syndikat

Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d'intérêts communaux généraux

Key facts

Grënnungsdatum / Baudatum29. November 1986
ass en(g)Interkommunale Syndikat
LandLëtzebuerg
All data from the card 4
Leedung
Emile Eicher
Verwaltungssëtz
Lëtzebuerg
Gegrënnt
29. November 1986
Websäit
https://www.syvicol.lu

De Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d'intérêts communaux généraux, kuerz SYVICOL ass en interkommunale Syndikat, deen all d'Gemenge vum Lëtzebuerger Land zesummeschléisst.

No dem Artikel 1 vun de Statuten ass SYVICOL den Akronym fir: Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises.

D'Büroe vum Syvicol fënnt een op Nummer 3 an der Rue Guido-Oppenheim an der Stad Lëtzebuerg.

Statute

Seng Statute goufen duerch Arrêté grand-ducal vum 29. November 1986 festgehalen (Mémorial B-87: 1612).

Déi neist Statute sinn den 20. Juli 2006 am Mémorial (B-53: 778-782) publizéiert ginn.

Geschicht

AVCL

D'Virgängerorganisatioun war d'AVCL (Association des villes et communes luxembourgeoises), déi zanter 1951 d'Interesse vun de lëtzebuergesche Gemengen op europäeschem an internationalem Plang vertrueden huet. Presidente waren:

AVCL
President vun bis
Hubert Clement 1951 1954
Antoine Krier 1954 1963
Henry Cravatte 1964 1964
Jos Wohlfart 1965 1970
Henry Cravatte 1970 1986

D'AVCL war e Veräin deen d'Gemengen ni all konnt vertrieden. Bis d'Mëtt vun den 1980er Jore ware follgend Gemengen nach net bäigetrueden: Esch/Uelzecht, Diddeleng, Suessem, Réiser a Schëffleng.

SYVICOL

Ënner dem Impuls vum Henry Cravatte gouf 1986 d'AVCL opgeléist an de Syvicol an d'Liewe geruff.

Zanter 1993 sinn all d'Gemenge vum Land Member vum Syvicol. Presidente waren:

SYVICOL
President vun bis
Henri Cravatte 1986 1990
Léon Bollendorff 1990 1983
Norbert Konter 1994 1999
Jean-Pierre Klein 2000 2009
Dan Kersch 2009 2012
Emile Eicher 2012

Um Spaweck

  • Websäit vum SYVICOL
  • Statute vum Syvicol op legilux.lu

Read next

In 2 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article