factograf
LB
Sign in

belsch Gemeng

Arel

Arel

Key facts

Awunnerzuel30.818
Fläch119km²
ass en(g)belsch Gemeng, belsch Gemeng mat Stadrecht
LandBelsch
Chef-lieuArel
Chef vun der Regierung oder VerwaltungVincent Magnus
All data from the card 11
Land
Belsch
Regioun
Wallounien
Communautéit
Franséisch Communautéit
Provënz
Lëtzebuerg
Arrondissement
Arel
Awunner
30.818 (1. Januar 2022)
Fläch
119,06 km²
Koordinaten
49°41'1"N, 5°49'0"O
Telefonszon
063
Postcode
6700
Websäit
https://www.arlon.be
Vue op Arel. Zeechnung vum Nicolas Liez.
Vue op Arel. Zeechnung vum Nicolas Liez.
Skulptur vum Areler Kënschtler Jean-Marie Gaspar (1861-1931) am Faubourg um Square Astride.
Skulptur vum Areler Kënschtler Jean-Marie Gaspar (1861-1931) am Faubourg um Square Astride.
D'Stadhaus
D'Stadhaus
Groussgaass
Groussgaass
4 images

Arel (Arlon op Franséisch; Årlon op Wallounesch) ass eng Stad am Süd-Oste vun der Belsch. Si ass de Chef-lieu vun der Provënz Lëtzebuerg, huet 25.818 Awunner (2004) a läit, op 404 m, un den Uwänner vun der Semois, déi hei entspréngt.

Duerch Arel leeft d'Nationalstrooss N4 déi bis op Baaschtnech zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Geschicht

Arel ass mat Tongeren an Tournai eng vun deenen eelste Stied an der Belsch. Si gouf ëm 52 v. Chr. als Orolarum oder Orolauno vicus gegrënnt, an huet sech schëtzeg entwéckelt, well se gënschteg op der Kräizung vun zwou Réimerstroosse louch, där vu Reims op Tréier an där vun Tongeren op Metz. Am Musée du Luxembourg zeien déi sëllegen archeologesch Fondsaachen aus der Réimerzäit nach haut dovun.

Am 4. Joerhonnert hat Arel héchswarscheinlech schonn eng Rankmauer an d'Stad huet sech ëm d'Knippchen entwéckelt op där eng Festung stoung. Am 10. Joerhonnert war Arel mat sengem Ëmland eng Grofschaft, duerno eng Maarkgrofschaft. Am spéide Mëttelalter gouf dës Grofschaft a Personalunioun mat Limburg regéiert; zanter 1214 huet se zu Lëtzebuerg gehéiert. Wéi Lëtzebuerg 1839 tëscht der Belsch an dem hollännesche Kinnek gedeelt gouf, sollt dat am Fong laanscht d'Sproochegrenz geschéien. Arel ass awer, obwuel do Lëtzebuergesch geschwat gouf (an zum Deel nach gëtt), der Belsch zougesprach ginn, well Arel éischtens tëscht 1830 an 1839 scho provisoresch Haaptuert war, well zweetens soss keng Stad méi grouss war, fir Chef-lieu vun der Provënz Lëtzebuerg kënnen ze sinn, an drëttens well d'Strooss vu Lonkech erop op Baaschtnech strateegesch sou wichteg war, datt Frankräich se bei der neutraler Belsch wollt hunn (de reduzéierte Grand-Duché war jo weiderhi Memberstaat vum Däitsche Bond (1815-1866) an hat ëmmer nach eng preisesch Garnisoun an der Festung vu senger Haaptstad).

Arel am Éischte Weltkrich

Arel am Zweete Weltkrich

Sou wéi vill Uertschaften an der Géigend hat Arel och ënner der däitscher Besatzung ze leiden.

Nodeem zu Arel eng Bomm an d'Vitrin vum engem Kollaborateur (Geschäft Ambroise) geworf gi war, goufen an der Nuecht vum 24. op de 25. August 1944, 40 Geisele vun Arel an aus der Ëmgéigend festgeholl, dorënner den Dokter Jean Hollenfeltz en de Procureur André Lucion déi direkt erschoss goufen. Déi aner goufen a Konzentratiounslagere verschleeft, wou déi meescht ëmkoumen. Dozou huet och de Paschtouer vun Éibeng, den Adolphe Alzinger, ee vun de wéinegen Iwwerliewende gehéiert. Hien huet déi Zäit spéider an e puer Wierker beschriwwen ënner dem Pseudonym Josse Alzin.

Vun Arel selwer waren et 26 Mann: Raymond André, Fritz Barnich, Pierre Bestgen, Michel Bidaine, Léon Billot, Fernand Biot, René Biren, Henri Bosseler, Albert Burhin, Prosper Crochet, Edgard Defraene, Emile Dumont, René Feck, Auguste Felten, Paul Gathy, Joseph Hansel, Léon Jacquelart, Théophile Lambe, Aimé Lambin, Albert Laroche, Georges Lejeune, Joseph Ney, Joseph Origer, Emile Pesch, Achille Schockert a Lucien Sitinger.

Uertschaften an der Gemeng

  • Arlon (Arel)
  • Autelbas (Nidderelter)
  • Autelhaut (Uewerelter)
  • Barnich (Barnech)
  • Bonnert (Bunnert)
  • Clairefontaine (Baardebuerg, heiansdo och 'Badebuerg')
  • Fouches (Affen)
  • Frassem (Fruessem)
  • Freylange (Frellen)
  • Guirsch (Giisch)
  • Heckbous (Heckbuus)
  • Heinsch (Häischel)
  • Sampont (Sues)
  • Schoppach (Schappech)
  • Sesselich (Siesselech)
  • Stehnen (Stienen)
  • Sterpenich (Sterpenech)
  • Stockem (Stackem)
  • Seymerich (Seimerech)
  • Toernich (Täernech)
  • Udange (Eiden)
  • Viville (Alenuewen)
  • Waltzing (Walzeng)
  • Weyler (Weller)

Jumelagen

Arel ass jumeléiert mat:

  • Dikrech
  • Saint-Dié-des-Vosges
  • Hayange
  • Béibreg
  • Sulphur (Louisiana)
  • Alba
  • Market Drayton

Kuckt och

  • Areler Land
  • Lëscht vun den Uertschaften am Areler Land
  • Kierch Saint-Martin vun Arel
  • Monument Félix Liedel
  • Gare Arel
  • Lëscht vun de Stied an der Provënz Lëtzebuerg

Um Spaweck

 Commons: Arel – Biller, Videoen an Audiodateien
  • D'Stad Arel
  • Areler Land a Sprooch - Websäit vun de lëtzebuergeschsproochege Belsch am Arelerland
  • Websäit fir d'Promotioun vun der lëtzebuergescher Sprooch a Kultur am Arelerland

Referenzen

Read next

In 65 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article