factograf
LB
Sign in

ireschen Astronom

William Parsons

William Parsons

Key facts

Gebuertsdatum17. Juni 1800
Doudesdatum31. Oktober 1867
SchoulenMagdalen College
AktivitéitAstronom, Politiker
GebuertsplazYork
WierkerLeviathan
All data from the card 11
Gebuer
17. Juni 1800York
Gestuerwen
31. Oktober 1867
Alter
67 Joer
Nationalitéit
Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
Educatioun
Magdalen College,Trinity College Dublin
Aktivitéit
Astronom, Politiker
Fonctioun
President vun der Royal Society, member of the House of Lords, President vun der British Science Association
Member vun
Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Royal Society, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Auszeechnungen
Royal Medal
Bestuet mat
Mary Rosse (14.4.1836–)
Kanner
Lawrence Parsons, 4. Earl of Rosse, Charles Algernon Parsons

De William Parsons, 3. Earl of Rosse KP gebuer de 17. Juni 1800 zu York, a gestuerwen den 31. Oktober 1867 op Birr-Castle, war en ireschen Astronom.

Liewen

Bis zum Doud vu sengem Papp huet hie Lord Oxmantown geheescht a gouf dunn den drëtten Earl of Rosse. Nom Privatunterrecht huet hien 1818 op der Universitéit Dublin studéiert an ass 1819 op d'Oxford gaangen. Hien ass 1821 an d'Ënnerhaus gewielt ginn (bis 1834). Schonn 1824 gouf hien an d'Royal Astronomical Society opgeholl. 1831 gouf de Rosse Lordlieutenant vum King's County an 1834 Colonel vun der Miliz. Am Februar 1845 gouf hien zum Representativpeer vun Irland gewielt. Vun 1848 bis 1854 war hie President vun der Royal Society, a vun 1862 Kanzler vun der Universitéit Dublin. Am Joer 1836 hat hien d'Mary Wilmer-Field bestuet; si hate véier Jongen.

Leeschtungen

Zeechnung vum M 51 vum Lord Rosse
Zeechnung vum M 51 vum Lord Rosse

Am Joer 1826 huet de Lord Rosse op sengem Landsëtz en Observatoire gebaut. D'Instrumenter huet en ënner senger perséinlecher Leedung fabrizéiere gelooss. 1828 huet hie seng Experienze beim Schläifen a Poléiere vum Spigel am Edinburgh Journal of Science verëffentlecht. Nodeem en 1839 e Spigelteleskop vu 36 Zoll (91 cm) Duerchmiesser fabrizéiert hat, (d'Bauweis huet där vun den Teleskope vum Wilhelm Herschel geglach), huet hie Stärekéip an Niwwelen, wéi den M27 oder den M31, observéiert. Dobäi huet e gemengt, Hiweiser op Kéip vu Stäre an den diffuse Gasmassen ze fannen. Niewebäi huet hien dem „Krabbenniwwel“ M1 säi Spëtznumm ginn. Fir d'Opléisungsverméige weider ze verbesseren an déi richteg Natur vun niwwelegen Objeten ze klären, huet hie mat engem Opwand vun 12.000 Pond Sterling e Risenteleskop gebaut, dat 1845 fäerdeg gouf. Den Haaptspigel hat 72 Zoll (1,83 m) am Duerchmiesser an hat eng Brennwäit vu 16 m. Dësen Teleskop huet sech duerch eng, fir déi deemoleg Zäit, immens héich Liichtstäerkt ausgezeechent an huet séier de Spëtznumm "Leviathan of Parsonstown" kritt. De Lord Rosse huet mat senge Mataarbechter verschidden Technike selwer entwéckelt, fir dat Instrument un d'Goen ze kréien.

Dem Rosse säin Intressi louch bei den Niwwelflecken, déi haut als Stärekéip oder Galaxien erkannt sinn. Hien huet scho wéineg Wochen nom Start mat sengem neien Teleskop bei der Galaxie "M 51" (a spéider bei 13 weideren) als Éischten d'Spiralstruktur entdeckt (kuckt d'Zeechnung).

Well de Lord Rosse – anescht wéi de Wilhelm Herschel – net un een Universum dat sech géif developpéieren, gegleeft huet, huet hien no Beweiser gesicht, datt déi niwweleg Flecken, aus deene sech, sou den Herschel, Stären entwéckelen, tatsächlech aus ville klenge Stäre bestinn. An dësem Sënn huet e behaapt, hien hätt den Orionniwwel an Eenzelstären opléise kënnen, wat beim Herschel rosen Attacke provozéiert huet. (D'Fro konnt eréischt spéider mat Hëllef vu Spektralanalyse gekläert ginn: den Orionniwwel ass als Emissiounsniwwel en echte Gasniwwel, d'Liicht vun de Galaxië kënnt awer vu Stären. Zu dësem Resultat war scho säi Jong Laurence komm, nodeem hie mat dem 36-Zoll-Teleskop 11 Niwwelspektre visuell ënnersicht hat.)

D'Iddi, d'Niwwel géifen aus Stäre bestoen, war keng Erfindung vum Lord Rosse. Schonn den John Herschel hat spekuléiert, den M51 wier e Brudder („brother system“) vun der Mëllechstrooss an hat, genee wéi de William Smyth, d'Theorie vertrueden, si wiere gigantesch Systemer aus ganz ville Stären. De Lord Rosse hat d'Hoffnung, mat sengem Risenteleskop Niwwele wéi den M51 opléisen ze kënnen. Hien huet awer mam Sichen d'Spiralstruktur erkannt an huet domat d'Diskussioun iwwer déi richteg Natur vun dëse Systemer nees frësch lancéiert.

Nieft den Niwwelflecken huet de William Parsons och d'Temperatur vun der Mounduewerfläch ënnersicht.

Seng sëlleg Fuerschungsresultater goufen ënner dem Titel "Observations of Nebulae and Clusters of Stars made with the 6-foot and 3-foot Reflectors at Birr Castle" duergestallt.

De Lord Rosse war och karitativ beschäftegt an huet versicht, d'Nout a sengem Land ofzeschwächen.

Um Spaweck

 Commons: William Parsons – Biller, Videoen an Audiodateien
  • (en) http://www.klima-luft.de/steinicke/ngcic/persons/rosse3.htm

Read next

In 44 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article