factograf
LB

britteschen Astronom

John Herschel

John Herschel

Key facts

Gebuertsdatum7. Mäerz 1792
Doudesdatum11. Mee 1871
SchoulenEton College
AktivitéitAstronom, Fotograf, Mathematiker
GebuertsplazSlough
DoudesplazHawkhurst
All data from the card 13
Gebuertsnumm
John Frederick William Herschel
Gebuer
7. Mäerz 1792Slough
Gestuerwen
11. Mee 1871Hawkhurst
Alter
79 Joer
Nationalitéit
Vereenegt Kinnekräich
Educatioun
Eton College,St John's College,Lincoln's Inn
Aktivitéit
Astronom, Fotograf, Mathematiker, Cheemiker, Physiker, Schrëftsteller
Fonctioun
President vun der British Science Association, President vun der Royal Astronomical Society
Auszeechnungen
Fellow vun der Royal Society, Copley Medail, Copley Medail, Pour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht, Royal Medal, Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, Lalande-Präis
Bestuet mat
Lady Margaret Brodie Stewart (3.3.1829–)
Papp
Wilhelm Herschel
Mamm
Mary Baldwin
Kanner
Constance Herschel

De Sir John Frederick William Herschel, gebuer de 7. Mäerz 1792 zu Slough bei Windsor, a gestuerwen den 11. Mee 1871 zu Hawkhurst, Kent, war e britteschen Astronom.

Liewen

Den John Herschel war de Jong vum Wilhelm Herschel a gouf Jurist. Spéider huet hie sech, wéi säi Papp och, sech mat Astronomie beschäftegt an huet deem säin Observatoire iwwerholl.

Hien huet entdeckt, datt d'Magellanesch Wolleken aus Stäre bestinn. Hien huet och verschidde Stärekatalogen erausginn an huet de Julianeschen Datum an d'Astronomie agefouert. Am Joer 1831 gouf hie geadelt, 1848 President vun der Royal Astronomical Society an 1850 kinnekleche Mënzmeeschter.

Seng Villsäitegkeet huet hie bei neie fotografesche Procedéë bewisen. Hien huet d'Cyanotypie verbessert. Am Joer 1842 huet hien de fotografesche Prozess fir d'Beliichte vu Pabeierbiller op der Basis vu colloidalem Gold entdeckt, dat hie Chrysotypie genannt huet.

Den Herschel gouf no engem Staatsakt an der Westminster Abbey begruewen.

E Moundkrater J. Herschel-Moundkrater ass no him genannt.

Um Spaweck

Description of a machine for resolving by inspection certain important forms, 1832
Description of a machine for resolving by inspection certain important forms, 1832
  • Umfangreiche Ofhandlung iwwer Wegdewood an Herschel (de)
  • Informatiounen zum Herschel (en)
 Commons: John Herschel – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 77 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article