factograf
LB

brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher

Terry Gilliam

Terry Gilliam

Key facts

Gebuertsdatum22. November 1940
SchoulenOccidental College
AktivitéitFilmregisseur, Dréibuchauteur, Komiker
GebuertsplazMinneapolis
AuszeechnungOfficier des Arts et des Lettres‎
All data from the card 10
Gebuertsnumm
Terrence Vance Gilliam
Gebuer
22. November 1940Minneapolis
Alter
85 Joer
Nationalitéit
Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun
Occidental College,Birmingham High School
Aktivitéit
Filmregisseur, Dréibuchauteur, Komiker, Animateur, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Comiczeechner, Regisseur, Schrëftsteller, Fotograf, Produzent
Member vun
Monty Python
Auszeechnungen
Officier des Arts et des Lettres‎, Europäesche Filmpräis fir d'Liewenswierk, Inkpot Award, Chevalier des Arts et des Lettres‎
Bestuet mat
Maggie Weston (1973–)
Websäit
http://terrygilliamweb.com/
Den Terry Gilliam zu Bréissel bei der Première vun Tideland (06.06.2006)
Den Terry Gilliam zu Bréissel bei der Première vun Tideland (06.06.2006)

Den Terence Vance Gilliam, gebuer den 22. November 1940 zu Medicine Lake, Minnesota, ass e brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher vun amerikaneschen Originnen. Hie war ee vun de Membere vun der Monty Python Grupp.

No der High school huet hie fir d'éischt Physik, duerno Konscht a schlussendlech Politikwëssenschaft studéiert. Hien huet un der Uniszeitung Fang matgeschafft a gouf fir ee Joer hire Chefredakter. Hie war deemools staark vum Humor vum Mad magazine beaflosst, deen deemools vum Harvey Kurtzman erausgi gouf. No der Uni huet de Gilliam kuerz bei enger Publicitéitsagence geschafft, duerno an der Zäitschrëft Help!.

Als Zeechner

Den Terry Gilliam huet seng Carrière als Zeechentrickfilm- a Comiczeechner ugefaangen. Hien ass an England geplënnert, wou e fir d'Tëleesserie Do Not Adjust Your Set geschafft huet, a wou en déi spéider Monty-Python-Memberen Eric Idle, Terry Jones, a Michael Palin kennegeléiert huet. Hie war dann och bei der Grënnung vum Monty Python's Flying Circus dobäi.

Als Regisseur

Dem Gilliam säin Intressi huet sech ëmmer méi zum Dréibuchschreiwen an zu der Filmregie hin entwéckelt.

Filmer ënner senger Regie

Säi Versuch, dem Miguel de Cervantes säin Don Quijote mam Jean Rochefort an der Haaptroll ze verfilmen, ass an d'Filmgeschicht agaangen, well e bal 20 Joer gebraucht huet, fir en ze dréinen an erauszebréngen. Eng Abberzuel vu groussen a klenge Katastrophen bei der Produktioun/Finanzéierung, den Tournagen, der Participatioun vun den Haaptakteuren, asw. hunn d'Realisatioun ëmmer nees ënnerbrach, an de Film konnt eréischt 2018 op dem Filmfestival vu Cannes gewise ginn.

Soss

2002 huet de Gilliam d'Regie fir eng Rëtsch Reklamme fir Nike gefouert. Hie war och 2006 Regisseur vun der Theatershow "Slava's Diabolo", vum russesche Clown Slava Polunin.

Um Spaweck

 Commons: Terry Gilliam – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Dreams: D'Terry Gilliam Fanzine
  • The Terry Gilliam Files
  • Artikel iwwer den Terry Gilliam vum Rumsey Taylor

Read next

In 70 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article