factograf
LB
Sign in

Spelz

Spelz

Key facts

ass en(g)Taxon
wëssenschaftlechen NummTriticum spelta
taxonomesche RangAart
beschriwwen anMeyers Konversations-Lexikon, 4. Auflage (1885–1890)
All data from the card 8
An anere Sproochen
fr: épeautrede: Dinkel
Räich
Planzeräich
Iwwerofdeelung
Somplanzen
Ofdeelung
Bléieplanzen
Klass
Commelinidae
Uerdnung
Poales
Famill
Séissgrieser
Gattung
Weess

Spelz (Triticum spelta L.) ass eng Fruuchtaart, déi als Virleefer vum haitege Weess gëllt.

Geschicht

Bis virun honnert Joer war de Spelz an Europa wäit verbreet a gouf dunn allerdéngs vum Weess ëmmer méi verdrängt an dat bis déi nei Naturkaschternierung erëm entdeckt gouf.

Spelz fënnt een dowéinst erëm méi op de Felder, wat absënns op Efforten an d'Richtung vum ekologeschen Akerbau zeréckzeféieren ass. Zu Lëtzebuerg ass et apaart d'Spelzgenossenschaft Naturpark Öewersauer, déi d'Virdeeler vum Spelz ze schätze weess.

Gebrauch

De Lëtzebuerger Spelz gëtt virun allem fir Brout, Béier an Deegwuere gebraucht. Spelz gëtt an der Vollwäertkichen erëm vill gebraucht an e kann als Zousaz fir Kniddelen, Zoppen a Gratin benotzt ginn.

D'Brauerei Simon vu Wolz braut zanter e puer Joer[Wéini?] e Béier mam Numm Simon Dinkel bei deem een Drëttel vun der Maisch aus net vermalztem Spelz besteet.

Eegenschaften

Spelz ass net exigent wat de Buedem ugeet, en ass robust an net besonnesch krankheetsufälleg. Dozou kënnt, datt Spelz net mat anere Fruuchtzorte gekräizt ginn ass, well e relativ schwéier ze verschaffen ass, an doduerch seng ursprénglech Eegenschafte behale konnt, deenen eng besser gesondheetlech Verdréiglechkeet zougeschriwwe gëtt. Spelz huet e wierzegen an nëssege Goût.

Inhaltsstoffer

Spelz enthält vill Magnesium, Eisen, Zénk a Mangan.

Gesondheetswäert

Spelz ass net glutenfräi, dofir solle Leit, déi mat Zöliakie geplot sinn, kee Spelz iessen.

Produktioun

Iwwersiicht vun der Produktioun zu Lëtzebuerg (an Tonnen)
2016 2017 2018 2019 2020 2021 2022 2023 2024 2025
Kären Total 139.272 149.289 154.236 160.022 143.500 147.688 166.940 146.635 141.113 177.617
Spelz 1.929 3.222 3.081 3.788 4.218 7.308 7.635 4.865 2.233 4.140

Quell: Quantités produites des principales productions de grande culture et fourragères (en tonnes), STATEC

Um Spaweck

 Commons: Spelz – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Lëtzebuerger Spelzgenossenschaft: Spelz vum Séi

Read next

In 64 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article