Den Omikron (griichescht Neutrum, „klengen O“, kuerz gesprach, [vergläicht och Omega]; Majuskel Ο, Minuskel ο) ass de 15. Buschtaf vum griichescht Alphabet an hat bei den ale Griichen no dem milesescht Prinzip en numeresche Wäert vu 70.
Urspronk
D'Zeeche kënnt vum phenizesche Konsonant Ajin, deem d'Griichen de Vokalwäert „o“ ginn hunn. Et ass ee vun de wéinege Buschtawen, bei deem d'Griichen de semitesche Buschtafnumm net iwwerholl hunn. Spéider hunn d'Griichen hir Alphabet ëm e puer Zousazbuschtawe vergréissert, vun deenen de leschte, den Omega (griichesch: groussen O) war. Aus dem Omikron huet sech iwwer d'etruskesch Schrëft dat laténgescht O entwéckelt, bei deem dunn de griichesche Buschtawenumm ewech gefall ass.
