factograf
LB
Sign in

Stärekoup

Messier 4

Messier 4
All data from the card 18
Stärebild
Scorpius (Sco)
Rektaszensioun
16h 23m 35,41s
Deklinatioun
− 26° 31' 31,9"
Hubble-Sequenz
F8
Konzentratiounsklass
IX
Visuell Magnitude
5,8 (flux 7,12) mag
Visuell Magnitude(B-Band)
8,13 ? mag
Wénkelduerchmiesser
36,0'
Distanz (Lj)
7.200
Routverrécklung
(2,35 ± 0,01) ∙ 10−4
Radialvitess
70,4 ± 0,4
Absolutten Duerchmiesser
75
Alter
12–13 Mrd.
Entdecker
De Chéseaux
Entdeckungsdatum
1746
M
4
NGC
6121
GCl
41

De Kugelstärekoup Messier 4 (kuerz: M 4) steet am Stärebild Scorpius. Am NGC-Katalog huet hien d'Nummer 6121. Den M 4 ass mat 7000 Lj Distanz de notste Kugelstärekoup, dofir gëtt hien dacks fir speziell Ënnersich erugezunn.

De Koup huet en Duerchmiesser vu 75 Liichtjoer mat ronn 100.000 Stäre an ass zimmlech schwaach konzentréiert (Klass 9). Hien huet also keng sehr markant zentral Hellegkeet. Eng Studie bei méi wéi 600 Wäiss Zwerge huet en Alter vu ronn 12,7 Milliarde Joer erginn.

Visuellt Bild

Obwuel hie kleng ass, huet den M 4 eng bedeitend Wénkelgréisst an ass dofir en androcksvollen Objet fir die astronomesch Observatioune. Wéinst senger südlecher Positioun ass de Koup allerdéngs fir Amateurastronomen a Mëtteleuropa manner attraktiv wéi z. B. den M5 oder den M19.

Opfälleg ass déi, scho vum Wilhelm Herschel am Joer 1783 beschriwwen, zentral Balkestruktur, déi aus enger 2,5′ laanger Stärerei ongeféier 11. Gréisst besteet a sech bal duerch de ganzen dichte Kär vum Koup zitt.

Entdeckung

Kugelstärekoup Messier 4 (Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Kugelstärekoup Messier 4 (Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.

Den M 4 gouf 1746 vum Amateurastronom Philippe Loys de Chéseaux entdeckt an den 8. Mee 1764 vum Charles Messier katalogiséiert.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Messier 4 – Biller, Videoen an Audiodateien
  • M4, SEDS Messier pages
  • M4, Galactic Globular Clusters Database page

Read next

In 61 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article