Messier 101 Pinwheel-Galaxie
Stärebild Ursa Major (UMa) Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 Rektaszensioun 14h3m12.51s Deklinatioun +54°20′53.1″ Ausgesinn Hubble-Sequenz SAB(rs)cd Visuell Magnitude 7,5 magm Wénkelduerchmiesser 28.8/26.9 Physikalesch Donnéeën Distanz 27 Mio. Lj.(Lj) Radialvitess (+241 ± 2) Absolutten Duerchmiesser 170.000 Lj Geschicht Entdecker Pierre Méchain Entdeckungsdatum 27. Mäerz 1781 Katalog- an Entdeckerbezeechnungen M 101 NGC 5457 PGC 50063 Arp 26 UGC 8981 MCG +9-23-28 GC 3770 h 1744 IRAS 14013+5435
De Messier 101 (och als NGC 5457, Pinwheel-Galaxie oder Feierrad-Galaxie bezeechent) ass eng Spiralgalaxie mat enger Gréisst vun 28,8' × 26,9' an enger visueller Magnitude vu 7,5 mag am Stärebild Ursa Major. Hir Distanz zu eiser Sonn ass 27 Millioune Liichtjoer, hiren Duerchmiesser ass 170.000 Lj.
Zu der Messier 101-Grupp gehéiere fënnef prominent Begleetgalaxien: NGC 5204, NGC 5474, NGC 5477, NGC 5585 an Holmberg IV.
Observatiounsgeschicht
De Messier 101 gouf de 27. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt.
Den 28. Februar 2006 hunn d'NASA an ESA en imponéierend Bild publizéiert, dat gréisst an detailléiertst Bild vun enger Galaxie, dat mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop gemaach gouf. D'Bild gouf aus iwwer 51 Fotoen zuesummegesat.
De 24. August 2011 gouf am M101 eng Supernova vum Typ Ia entdeckt, déi d'Bezeechnung SN 2011fe krut.
Aner Biller




