factograf
LB
Sign in

belsch Gemeng

Ieper

Ieper

Key facts

Awunnerzuel35.039
Fläch131km²
ass en(g)belsch Gemeng, belsch Gemeng mat Stadrecht
LandBelsch
VerwaltungseenheetArrondissement Ypres
offiziell SproochHollännesch
All data from the card 12
Land
Belsch
Regioun
Flandern
Communautéit
Flämesch Communautéit
Provënz
Provënz Westflandern
Arrondissement
Ieper
Gemeng
Ieper
Awunner
35.039 (1. Januar 2022)
Fläch
13061
Koordinaten
51° 01’ 0’’ N 03° 01’ 00’’ O
Telefonszon
057
Postcode
8900, 8902, 8904, 8906, 8908
Websäit
https://www.ieper.be/

Ieper (de: Ypern, fr: Ypres) ass eng Stad an der Provënz Westflandern, am sougenannte Westhoek. Zu der Gemeng Ieper gehéieren och nach d'Uertschafte Boezinge, Brielen, Dikkebus, Elverdinge, Hollebeke, Sint-Jan, Vlamertinge, Voormezele, Zillebeke a Zuidschote.

Geschicht

De Balduin II. de Plakkapp (879–918) huet zu Ieper, dat zu der Grofschaft Flandern gehéiert huet, géint Attacke vun den Normannen eng Festungsmauer baue gelooss. Am spéide Mëttelalter huet Ieper mat Gent a Brugge zu de bedeitendste Stied vu Flandern gehéiert. Stëfter aus Ieper goufen a ganz Europa gehandelt. 1559 bis 1801 war Ieper e Bëschofssëtz.

Wärend dem Éischte Weltkrich war Iepern praktesch déi ganzen Zäit staark ëmkämpft. D'Alliéiert, besonnesch d'Truppe vum britteschen Empire, hunn d'Stad bis zum Enn verdeedegt. Iwwer eng Véierels Millioun vun hinne sinn do leie bliwwen. Um Enn vum Krich war d'Stad bal komplett zerstéiert. Nodeem d'Iddi, d'Ruinen als e Mémorial stoen ze loossen, verworf gi war, gouf se an de Joerzéngten duerno mat Hëllef vu Suen, déi Däitschland nom Krich huet misse bezuelen, no historesche Virbiller nees opgebaut.

Ronderëm Ieper sinn eng 170 Zaldotekierfechter, an den Tourismus am Zesummenhang mat den Evenementer vum 1. Weltkrich spillt eng wichteg Roll an der Stad.

Kuckeswäertes

  • Maartplaz, mat de Biergerhaiser ronderëm.
  • d'Lakenhallen ('"Duchhalen") eent vun de gréissten net-reliéise gotesche Gebaier an Europa, mat sengem 70 Meter héije Beffroi, deen zum UNESCO- Weltierwe gehéiert.
  • d'Sint-Marties-Kathedral, Sëtz vum fréiere Bistum Ieper (1561 bis 1801).
  • d'Krichsmonument Menenpoort.
  • Al Festung a Schützegrief aus dem Éischte Weltkrich.

Galerie

d'Duchhalen
d'Duchhalen
Iepern 1919
Iepern 1919
Menenpoort
Menenpoort
3 images

Um Spaweck

 Commons: Ypres – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Offiziell Internetpräsenz

Read next

In 74 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article