factograf
LB
Sign in

däitsche Schauspiller (1923–2008)

Horst Tappert

Horst Tappert

Key facts

Gebuertsdatum26. Mee 1923
Doudesdatum13. Dezember 2008
AktivitéitTelevisiounsschauspiller, Schauspiller, Filmschauspiller
GebuertsplazElberfeld
DoudesplazPlanegg
AuszeechnungVerdienstkreuz 1. Klasse
All data from the card 8
Gebuer
26. Mee 1923Elberfeld
Gestuerwen
13. Dezember 2008Planegg
Alter
85 Joer
Doudesursaach
Zockerkrankheet
Nationalitéit
Däitschland
Aktivitéit
Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur
Auszeechnungen
Verdienstkreuz 1. Klasse, Romy, Bayeresche Fernseepräis, Bambi, Gëlle Kamera, Bundesverdienstkreuz am Bande, Gëlle Kamera, Telegatto
Websäit
http://www.agentur-palz.de/Schauspieler/horst_tappert.htm

Den Horst Tappert, gebuer de 26. Mee 1923 zu Elberfeld, a gestuerwen den 13. Dezember 2008 zu Planegg bei München, war en däitsche Schauspiller.

Hie war virun allem bekannt fir seng Roll als Haaptinspekter Stephan Derrick an der däitscher Krimi-Televisiounsserie mam selwechten Numm.

Nodeem den Horst Tappert jorelaang Amateur-Theaterschauspiller war, huet hien d'Schauspillerei 1967 zu sengem Beruff gemaach. Op der Televisioun huet hien an den 1960er Joren dacks "Béiser" gespillt, an den 1970er ass hien an der Krimiserie Der Kommissar opgetrueden, dës Kéier als Polizist, an huet, nodeem dës Serie 1974 ofgesat gouf, d'Haaptroll an enger neier Serie mam Numm Derrick iwwerholl. Vun Derrick sinn tëscht dem 30. Juli 1973 an dem 17. Dezember 1997 281 Episode gedréint ginn, an d'Serie war an 108 Länner ze gesinn.

Den Horst Tappert huet parallel awer weider Theater gespillt. Zu Lëtzebuerg ass hien notamment 1969 (Das kleine Teehaus vum John Patrick), 1973 (Die Hose vum Carl Sternheim) an 1986 (Die leichten Herzens sind vum Emlyn Willimas) opgetrueden. Beim leschte Stéck huet huet hien zousätzlech Regie gefouert.

Filmographie

Kino

Televisioun

als Schauspiller

  • 1961: Zu viele Köche - TV-Serie - 5 Episoden
  • 1962: Das Halstuch - TV-Mini-Serie - 5 Episoden
  • 1966: Die Gentlemen bitten zur Kasse - TV-Serie - 3 Episoden
  • 1974–1998: Derrick - TV-Serie - 281 Episoden

als Regisseur

  • 1986–1997: Derrick - TV-Serie - 11 Episoden

Um Spaweck

 Commons: Horst Tappert – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 25 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article