factograf
LB

Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin

Maria Schell

Maria Schell

Key facts

Gebuertsdatum15. Januar 1926
Doudesdatum26. Abrëll 2005
AktivitéitSchauspiller, Schrëftsteller, Biograph
GebuertsplazWien
DoudesplazPreitenegg
bestuet matHorst Hächler
All data from the card 13
Gebuertsnumm
Maria Margarete Anna Schell
Gebuer
15. Januar 1926Wien
Gestuerwen
26. Abrëll 2005Preitenegg
Alter
79 Joer
Doudesursaach
Longenentzündung
Nationalitéit
Schwäiz, Éisträich
Aktivitéit
Schauspillerin, Schrëftstellerin, Biographin, Filmschauspillerin, Theaterschauspillerin, Regisseurin, Musekerin
Auszeechnungen
Großes Verdienstkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes
Bestuet mat
Horst Hächler,Veit Relin (1.1.1966–1.1.1988)
Papp
Hermann Ferdinand Schell
Mamm
Margarethe Noé von Nordberg
Geschwëster
Immy Schell, Carl Schell, Maximilian Schell
Kanner
Marie Theres Relin
D'Schell als gekidnäppten däitsch Doktesch am Zweete Weltkrichsdrama Die letzte Brücke (1954)
D'Schell als gekidnäppten däitsch Doktesch am Zweete Weltkrichsdrama Die letzte Brücke (1954)

D'Maria Schell (eigentlech Margarete Schell), gebuer de 15. Januar 1926 zu Wien, a gestuerwen de 26. Abrëll 2005 zu Preitenegg, Kärnten, war eng Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin. Si war eng vun deene gréisste Stare vum däitschen Nokrichsfilm.

Hir éischt Haaptroll hat si 1949 am Film Der Engel mit der Posaune. Duerno koume Filmer mam Dieter Borsche a mam O. W. Fischer, mat deem si souzesoen d'Traumpaar vum däitsche Film vun den 1950er Jore war. Die letzte Brücke ënner der Regie vum Helmut Käutner huet hir 1954 d'Gëlle Palm op den Internationale Filmfestspiller vu Cannes an och den internationalen Duerchbroch abruecht.

Am Tatort-Krimi Heilig Blut vum WDR war d'Maria Schell am Januar 1996 an der Roll vun enger Äbtissin ze gesinn. Fir d'lescht virun enger Kamera war si 2002 am Dokumentarfilm Meine Schwester Maria, deen hire Brudder Maximilian iwwer si gedréit huet. Allen zwee krute se dofir e Bambi.

D'Schell huet an hire leschte Joren un Demenz gelidden a ganz zeréckgezunn a Kärnten an den éisträicheschen Alpe gewunnt. Am Abrëll 2005 ass si un de Suitë vun enger Longenentzündung gestuerwen.

Filmer

Kino

Um Spaweck

 Commons: Maria Schell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Read next

In 37 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article