| Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eupen (fr: Néau (al), wa: Nèyåw) ass eng belsch Stad a Gemeng, an der Provënz Léck, 15 km vun Oochen (dt. Aachen, fr. Aix-la-Chapelle) ewech. Eupen ass de Regierungssëtz vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.
Geschicht
Nodeem et 800 Joer laang zum Herzogtum Limburg gehéiert hat, gouf Eupen 1815, nom Wiener Kongress, u Preisen rattachéiert an duerno, 1920, nom Traité vu Versailles, mat den anere Gemenge rondrëm, der Belsch zougeschloen.
Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen, duerch Fusioun vun de fréiere Gemengen Eupen a Kettenis.
Sektiounen an Uertschaften
- Sektioun Eupen: Alt-Hattlich, Druggeborn, Frambach, Hill, Hochstrasse, Langesthal, Lommerich, Mospert, Néau, Nöreth, Oberste-Heide, Roll, Sainte-Marie, Schönefeld, Stockem, Ternell, Voulfeld.
- Sektioun Kettenis:Bovendriesch, Buschberg, Feldchen, Gemehret, Gross-Weims, Gut Bourlée, Gut Gross-Stachels, Hagbenden, Helenhof, Klein-Weims, Klosei, Libermé, Merols, Nispert, Philippenhaus, Rowert, Schnellwind, Thal, Waldenburghaus, Wesselbend.
Sprooch
- 90% vun den Awunner schwätzen Däitsch, 10% Franséisch an aner Sproochen als Mammesprooch. D'Majoritéit ass zwee- oder dräisprocheg.
Ekonomie
- Cheemesch Industrie (Plastik)
- Kabelfabréck Câblerie d'Eupen S.A.
- Schockelasfabréck Barry Callebaut Belgium - Jacques Division, déi fréier "Chocolaterie Jacques"
- Transport
Kuckeswäertes
- Wesertalspär
- Sankt Lambertus-Kapell
- De barocken Nikloszentrum
- Historesche Stadkär
- IKOB, de Musée fir zäitgenëssesch Konscht
- Schockelasmusée
- Héicht Venn
Um Spaweck
Commons: Eupen – Biller, Videoen an Audiodateien
- Säit vun der Stad
- INFO Tourist
