factograf
LB
Sign in

belsch Uertschaft an der Gemeng Arel (Provënz Lëtzebuerg)

Autelbas

Autelbas

Key facts

ass en(g)Duerf
LandBelsch
VerwaltungseenheetArel
All data from the card 9
Land
Belsch
Regioun
Wallounien
Communautéit
Franséisch Communautéit
Provënz
Lëtzebuerg
Arrondissement
Arel
Gemeng
Arel
Koordinaten
49° 38’ 54’’ N 05° 52’ 06’’ O
Telefonszon
063
Postcode
6706
Haff vu 1790
Haff vu 1790

Autelbas, op Lëtzebuergesch Nidderelter, ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Arel, an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977, war Nidderelter eng eegestänneg Gemeng.

Autelbas läit op enger Héicht vun 330 Meter, am Dall vum Ruisseau d'Autelbas, engem Niewefloss vun der Äisch, deen op Lëtzebuergesch Kolerbaach heescht.

Zu Autelbas gëtt et e Schlass aus dem 15. Joerhonnert, dat 1983 duerch e Feier zum groussen Deel zerstéiert gouf. Zanterhier gëtt dat Schlass méi oder manner rafistolléiert. Dat Schlass war de Sëtz vun de Baronge vun Elter, an um Enn vum 17. Joerhonnert war Elter souguer eng kleng Grofschaft ginn.

Uertschaften an der fréierer Gemeng sinn: Autelbas, Autelhaut, Barnich, Birel, Clairefontaine, Stehnen, Sterpenich a Weyler.

Zanter der Gemengereform gëtt d'Uertschaft administrativ zesumme mam Nopeschduerf Barnich als Duebeluertschaft Autelbas-Barnich gefouert.

Um Spaweck

 Commons: Autelbas – Biller, Videoen an Audiodateien
  • (en) Websäit iwwer d'Schlass
  • (fr) Säit iwwer d'Restauratioun vum Schlass

Uertschaften an der Gemeng Arel

Sektiounen: Arel • Nidderelter • Bunnert • Giisch • Häischel • Ternech
Aner Uertschaften a Plazen: Alenuewen · Barnech · Birel · Badebuerg · Affen · Fruessem · Frellen · Heckbus · Rosenberg · Schappech · Siesselech · Séimerech · Stienen · Sterpenech · Stackem · Sues · Éiden · Uewerelter · Walzeng · Weller

Read next

In 8 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article