factograf
LB

Asteroid

(3) Juno

(3) Juno
All data from the card 17
Orbittyp
Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun
Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs
2,670 AE
Exzentrizitéit
0,2550
Sideresch Ëmlafzäit
4 a 133 d
Mëttel Bunnvitess
17,9 km/s
Inklinatioun
12,98 Grad
Duerchmiesser
290 × 245 km
Mass
2,82 • 1019 kg
Mëttel Dicht
4,2 g/cm3
Rotatiounsperiod
7,2 h
Albedo
0,24
Absolut Hellegkeet
5,3M
Spektralklass
S
Entdecker
K. L. Harding
Entdeckungsdatum
1. September 1804
Plaz
Observatoire vu Lilienthal

Den (3) Juno (Symbol: ) ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Hie gouf den 1. September 1804 vum Karl Ludwig Harding als drëtten Asteroid entdeckt an no der Juno, der héchster réimescher Gëttin, genannt. Den Asteroid Juno gouf no senger Entdeckung genee sou wéi d'Asteroiden (1) Ceres an (2) Pallas am Ufank als vollwäertege Planéit klasséiert. Eréischt no 1847 gouf tëscht Asteroiden a Planéiten ënnerscheet. Seng Bunn gouf an den 1810er-Joren zu Göttingen ënner Leedung vum Carl Friedrich Gauß vum Friedrich Ludwig Wachter berechent.

Ëmlafbunn

De Juno beweegt sech op engem Ofstand vun 1,98 (Perihel) an 3,36 (Aphel) AE a 4,36 Joer ëm d'Sonn. D'Ëmlafbunn ass 13,0° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,26.

Eegenschaften

Déi éischt 10 Asteroide profiléiert géintiwwer dem Äerdmound. 3 Juno ass deen Drëtte vu lénks.
Déi éischt 10 Asteroide profiléiert géintiwwer dem Äerdmound. 3 Juno ass deen Drëtte vu lénks.

De Juno huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 267 km. Seng Mass gouf zu 2,82×1019 Kilogramm berechent. En huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,24. Wärend der Oppositioun erreecht en eng visuell Magnitude vu bis zu 7,7 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel. A ronn 7,2 Stonne rotéiert en ëm déi eegen Achs.

Am Joer 1996 (Resultater goufen am Joer 2003 publizéiert) gouf de Juno mat Hëllef vun engem 2,5-Meter-Spigelteleskop vum Mount Wilson-Observatoire an enger adaptiver Optik grëndlech ënnersicht. D'Ënnersich hu gewisen, datt de Juno en onreegelméissegen Himmelskierper ass, mat enger Form, déi un eng Gromper erënnert. D'Fotoen am Infraroutberäich weisen e ronn 100 km groussen Impaktkrater, dee warscheinlech viru geologesch kuerzer Zäit entstanen ass. [1] Spektroskopesch Ënnersich loossen drop schléissen, datt de Juno den Ufankskierper vu Gewéinleche Chondritte kéint sinn, enger heefeger Grupp vu Steemeteoritten, déi aus eisenhaltege Silikatkonglomeraten, wéi Olivin a Pyroxen opgebaut sinn.

De Juno war den éischten Asteroid, bei deem eng Stärebedeckung observéiert gouf. Den 19. Februar 1958 war de Juno genee virun engem liichtschwaache Stär laanschtgezunn an hat dee fir en ettlech Sekonne verdäischtert. Zanterhier si schonn en ettlech Stärebedeckunge vum Juno observéiert ginn. D'Gréisst vum Juno gouf bei dësen Observatiounen op 290×245 km bestëmmt.

Animatioun
De Juno beweegt sech virum Stärenhannergrond.Stärefeldauszuch
De Juno wärend der Oppositioun vun 2009.Gréisstenënnerscheeder

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Juno (Asteroid) – Biller, Videoen an Audiodateien
  • JPL Datebank: (3) Juno

Read next

In 83 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article