factograf
LB

Provënz an der Volleksrepublik China

Yunnan

Yunnan

Key facts

Awunnerzuel47.420.000
Fläch394.100km²
LandChina
Chef-lieuKunming
VerwaltungseenheetChina
beschriwwen anBrockhaus & Efron
All data from the card 7
Land
China
Vewaltungseenheet
China
Chef-lieu
Kunming
Awunner
47.420.000
Fläch
394.100 km²
Koordinaten
25°2'58"N, 102°42'32"O
Websäit
http://www.yn.gov.cn

De Yúnnán (chineesesch: 云南 oder 雲南, "Südlech vun de Wolleken") ass eng Provënz am Südweste vun der Volleksrepublik China. Mat 394.100 Quadratkilometer ass se ongeféier sou grouss wéi Däitschland an Holland zesummen.

Geographie

De Yunnan huet eng grouss Varietéit vu Biotopen: vu schnéibedeckte Bierger bis zu Däller mat tropescher, respektiv subtropescher Vegetatioun ass alles vertrueden. Am Yunnan liewen déi lescht 250 Elefanten aus China a fräier Natur.

Duerch de Yunnan lafen ë. a.:

  • De Jangtsekiang (chin.: 长江 Cháng Jiāng), dee gréisste Floss vu China;
  • De Mekong (chin.: 澜沧江 Láncāng Jiāng), deen duerch Laos, Kambodja a Vietnam leeft;
  • De Roude Floss (chin.: 元江 Yuán Jiāng), deen duerch den Norde vu Vietnam leeft;
  • De Saluen (chin.: 怒江 Nù Jiāng), dee bis a Myanmar (Birma) leeft a vun do an d'Andamanmier.

De Yunnan grenzt un déi Autonom Territoiren Tibet a Guangxi an un d'Provënzen Sichuan a Guizhou. Weiderhi grenzt et un d'Staat Vietnam, Laos a Myanmar (Birma).

Demographie

De Yunnan ass déi Provënz a China mat der héchster ethnescher Diversitéit. Eng 38 % vun der Bevëlkerung gehéieren zu ethnesche Minoritéiten, dorënner de Yi, de Bai, den Hani, den Dai, de Miao, de Lisu, den Hui, de Lahu, de Va, den Naxi, de Mosuo, de Yao, den Tibeter, de Jingpo, de Blang, de Primi, den Nu, den Achang, de Jino, de Mongolen, den Derung, de Mandschu, de Sui an de Bouyei.

Administrativ Struktur

De Yunnan besteet aus aacht bezierksfräie Stied an aacht Autonome Bezierker:

  • Stad Kunming (昆明市);
  • Stad Qujing (曲靖市);
  • Stad Yuxi (玉溪市);
  • Stad Baoshan (保山市);
  • Stad Zhaotong (昭通市);
  • Stad Lijiang (丽江市);
  • Stad Pu'er (普洱市);
  • Stad Lincang (临沧市);
  • Autonome Bezierk Wenshan vun den Zhuang an de Miao (文山壮族苗族自治州);
  • Autonome Bezierk Honghe vun den Hani an de Yi (红河哈尼族彝族自治州);
  • Autonome Bezierk Xishuangbanna vun den Dai (西双版纳傣族自治州);
  • Autonome Bezierk Chuxiong vun de Yi (楚雄彝族自治州);
  • Autonome Bezierk Dali vun de Bai (大理白族自治州);
  • Autonome Bezierk Dehong vun den Dai an de Jingpo (德宏傣族景颇族自治州);
  • Autonome Bezierk Nujiang vun de Lisu (怒江傈傈族自治州);
  • Autonome Bezierk Dêqên vun den Tibeter (迪庆藏族自治州).

Ekonomie

Den Téi ass eent vun de bekanntste Produkter aus der Provënz. Zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert gëtt do och Kaffi ugebaut.

Tourismus

Touristesch Stied am Yunnan sinn Dali, d'Naxi-Stad Lijiang, Shangri-La, Shilin a Jinghong zu Xishuangbanna.

D'Alstad vu Lijiang (13. Jh.) ass zanter 1997 en UNESCO-Kultur-Weltierwen. Och de "Stenge Bësch" bei Shilin, 120 Kilometer südëstlech vu Kunming, steet op där Lëscht. Dat si Karstformatiounen am Kalleksteen, déi wéi Tierm bis zu 30 Meter héich an d'Luucht stinn.

Biller

Bierger an Dêqên (迪庆), op der Grenz mam Tibet
Bierger an Dêqên (迪庆), op der Grenz mam Tibet
Landschaft a Yunnan
Landschaft a Yunnan
Landschaft a Yunnan
Landschaft a Yunnan
D'Yangtse-Dall a Yunnan
D'Yangtse-Dall a Yunnan
De Stenge Bësch bei Shilin
De Stenge Bësch bei Shilin
Terrasse bei der Tiger-Spronk-Schlucht, enger vun den déifste Schluchte vun der Welt
Terrasse bei der Tiger-Spronk-Schlucht, enger vun den déifste Schluchte vun der Welt
Typesch Räisterrassen
Typesch Räisterrassen
7 images

Um Spaweck

 Commons: Yunnan – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Touristeguide iwwer Yunnan

Read next

In 119 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article