factograf
LB

Programm vun der NASA

Viking-Programm

Viking-Programm
De Viking-1-Lander (NASA-Modell)
De Viking-1-Lander (NASA-Modell)

De Viking-Programm vun der NASA gëllt als en Héichpunkt an der Mars-Fuerschung. Déi zwou Raumsonden Viking 1 an 2 waren den 20. Juli an den 3. September 1976 erfollegräich gelant an hunn zanter Mars 3 nees Biller vun der Marsuewerfläch op d'Äerd geschéckt.

De Programm gouf no de Wikinger, déi als éischt an Amerika geseegelt waren, genannt.

Missiounen

De Start vu Viking 1
De Start vu Viking 1
Chryse Planitia, d'Landegebitt vun der Sond Viking 1
Chryse Planitia, d'Landegebitt vun der Sond Viking 1
2 images

All eenzel Viking-Sond bestoung aus enger Mammen- an Duechtersond. D'Mammesond sollt eng Ëmlafbunn (Orbit) ëm de Mars aschloen, an duerno sollt d'Duechtersond sech oftrennen an op der Uewerfläch vum Planéit landen.

Daten

  • Béid Sonde ware mat enger Titan3E/Centaur-Rakéit gestart ginn.
  • D'Sonden haten e Gewiicht vu ronn 2.900 Kilogramm, dovun 2.300 kg op d'Mammesond a 600 kg op d'Duechtersond.
  • Déi béid Orbiter hate 37.000 (Viking 1) an 19.000 (Viking 2) Biller vum Planéit Mars a senge Mounden Deimos a Phobos iwwermëttelt.
  • D'Lander hate jiddweree ronn 2.300 Biller iwwermëttelt.
  • Déi ganz Missioun hat ongeféier 1 Milliard Dollar kascht.

Kuckt och

Portal Astronomie

Read next

In 51 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article