factograf
LB

kolumbianesch Sängerin, Songschreiwerin, Dänzerin, Schauspillerin a Philanthropin

Shakira

Shakira

Key facts

Gebuertsdatum2. Februar 1977
Héicht1,57m
AktivitéitSänger, Schauspiller, Choreograph
GebuertsplazBarranquilla
EmployeurEpic Records
GenrePopmusek
All data from the card 9
Gebuertsnumm
Shakira Isabel Mebarak Ripoll
Gebuer
2. Februar 1977Barranquilla
Alter
49 Joer
Nationalitéit
Spuenien, Kolumbien
Aktivitéit
Sängerin, Schauspillerin, Choreographin, Gittaristin, Komponistin, Philanthropin, Produzentin, Synchronspriecherin, Popmusekerin, Musekerin
Auszeechnungen
MTV Video Music Awards, Chevalier des Arts et des Lettres‎, Stär um Hollywood Walk of Fame, Premios Oye!
Liewenspartner(in)
Antonio de la Rúa (1.1.2000–8.2010),Gerard Piqué (2011–2022),Lucien Laviscount (2026–)
Kanner
Milan Piqué Mebarak, Sasha Piqué Mebarak
Websäit
https://www.shakira.com

D'Shakira Isabel Mebarak Ripoll, bekannnt ënner hirem Mononym Shakira, gebuer den 2. Februar 1977, ass eng kolumbianesch Sängerin, Songschreiwerin, Dänzerin, Schauspillerin a Philanthropin. Hiren Impakt op déi modern latäinamerikanesch Musek an op d'Popmusek, huet hir de Spëtznumm The Queen of Latin Music abruecht.

Biographie

D'Shakira gouf mam Album Pies Descalzos (1995) bekannt, en Album mat de Singelen Estoy Aquí an Pies Descalzos, Sueños Blancos, déi si un d'Spëtzt vun de latäinamerikaneschen Charts bruecht hunn. Den Album ¿Dónde Están los Ladrones? (1998) huet hir Popularitéit a Latäinamerika gefestegt. Hiren éischten engleschen Album Laundry Service (2001) huet d'Debutsingle Whenever, Wherever ervirbruecht, déi d'Nummer Eent a villen Charts uechter d'Welt erreecht huet, an Underneath Your Clothes, mat där d'Shakira déi éischt südamerikanesch Kënschtlerin gouf, déi den Duerchbroch um Weltmaart gepackt huet.

Op hirem spuenesch beaflossten Album Fijación Oral, Vol. 1 (2005) an op dem engleschen Album Oral Fixation, Vol. 2 (2005) waren Hits wéi La Tortura an Hips Don't Lie, wat déi éischt Nummer-eent-Singele vun enger südamerikanescher Fra an den amerikanesche Billboard Hot 100 Charts war. Den Album She Wolf (2009) huet Themen iwwer Fräiheet behandelt an hat Elektropop-Aflëss, wärend Sale el Sol (2010) vun hirer Passioun fir latäinamerikanesch Musek inspiréiert war. Dodrop war och d'Lidd Waka Waka (This Time for Africa), den offizielle Song vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 2010.

D'Albume Shakira (2014) an El Dorado (2017) hunn Hits wéi La La La an Chantaje ervirbruecht. Den Album Las Mujeres Ya No Lloran (2024) war vun hirer rezenter Erfarung mat Scheedung a mentaler Gesondheet beaflosst an hat e Subtext vun Empowerment. Duerno huet d'Shakira eng Welttournée mam Numm Las Mujeres Ya No Lloran World Tour (2025 – 2026) gestart, déi vill Luef vun de Kritiker krut an e kommerziellen Erfolleg war, mat méi wéi 350 Milliounen Dollar Recetten.

D'Shakira ass eng vun den erfollegräichste Musekskënschtlerinne vun allen Zäiten, mat méi wéi 95 Millioune verkaafte Placke weltwäit. Si huet vill Nummer-eent-Singelen an den USA a weltwäit, véier Grammy Awards a fofzéng Latin Grammy Awards. D'Shakira gouf an d'Joreslëschte vu Forbes vun de beschtbezuelte Fraen an der Musek opgeholl. Hir villgeluefte Performance an der Super Bowl Halftime-Show 2020 (zesumme mat der Jennifer Lopez) ass eng vun de meeschtgekuckten an der Geschicht [an der Geschicht vun der Musek oder an där vum American Football?]. Nieft der Musek huet si d'Fundación Pies Descalzos fir d'Erzéiung vu Kanner a Kolumbie gegrënnt, huet der „Gazelle“ am Film Zootopia (2016) an am Sequel Zootopia 2 (2025) hir Stëmm geléint, a war vun 2013 bis 2014 Member vun der Jury an der Sendung The Voice. Si ass och – mat méi wéi 90 Millioune Follower – eng vun de Persoune mat de meeschte Follower op de soziale Medien.

Discographie

Studioalbumen

  • Magia (1991)
  • Peligro (1993)
  • Pies Descalzos (1995)
  • ¿Dónde Están los Ladrones? (1998)
  • Laundry Service (2001)
  • Fijación Oral, Vol. 1 (2005)
  • Oral Fixation, Vol. 2 (2005)
  • She Wolf (2009)
  • Sale el Sol (2010)
  • Shakira (2014)
  • El Dorado (2017)
  • Las Mujeres Ya No Lloran (2024)

Live-Albumen

  • MTV Unplugged (2000)
  • Live & off the Record (2004)
  • Oral Fixation Tour (2007)
  • Live from Paris (2011)
  • Shakira in Concert: El Dorado World Tour (2019)
  • Anniversary: Oral Fixation (20th) and Pies Descalzos (30th) Live (2025)

Read next

In 220 languages

lbаԥсшәаадыгабзэAfrikaansAlemannischалтай тилaragonésÆngliscالعربيةالدارجةمصرىঅসমীয়াasturianuAymar aruazərbaycancaتۆرکجهBasa BaližemaitėškaBatak TobaBikol Centralбеларуская (тарашкевіца)беларускаябългарскиभोजपुरीBislamaBanjarပအိုဝ်ႏဘာႏသာႏবাংলাབོད་ཡིགbòo pìkkàbosanskiбуряадcatalà閩東語 / Mìng-dĕ̤ng-ngṳ̄нохчийнCebuanoChamoruکوردیcorsuqırımtatarcačeštinakaszëbscziсловѣньскъ / ⰔⰎⰑⰂⰡⰐⰠⰔⰍⰟCymraegdanskDeutschZazakidolnoserbskiΕλληνικάemiliàn e rumagnòlEnglishEsperantoespañoleestieuskaraestremeñuفارسیFulfuldesuomivõroføroysktfrançaisarpetanNordfriiskfurlanFryskGaeilgekriyòl gwiyannenGàidhliggalegoگیلکیगोंयची कोंकणी / Gõychi KonknniGhanaian PidginGaelgHausa客家語 / Hak-kâ-ngîעבריתहिन्दीhrvatskihornjoserbsceKreyòl ayisyenmagyarհայերենԱրեւմտահայերէնinterlinguaJaku IbanBahasa IndonesiaIgboIlokanoIdoíslenskamedžuslovjanskyitalianoᐃᓄᒃᑎᑐᑦ / inuktitut日本語la .lojban.JawaქართულიQaraqalpaqshaTyapGĩkũyũқазақша한국어перем комикъарачай-малкъарکٲشُرRipoarischkurdîкомиkernowekкыргызчаLatinaLadinoлезгиLugandaLimburgslombardlingálalietuviųlatviešuMadhurâमगहीमैथिलीолык мариймакедонскиമലയാളംмонголमराठीBahasa MelayuMaltiMirandésမြန်မာဘာသာمازِرونیNāhuatlNapulitanoNedersaksiesनेपालीनेपाल भाषाLi NihaNederlandsnorsk nynorsknorskDiné bizaadoccitanlivvinkarjalaиронਪੰਜਾਬੀKapampanganPapiamentuPicardpolskiPiemontèisپنجابیΠοντιακάNawatپښتوportuguêsRuna SimiromânăarmãneashtitarandíneрусскийIkinyarwandaᱥᱟᱱᱛᱟᱲᱤsardusicilianuScotsdavvisámegiellasrpskohrvatski / српскохрватскиTaclḥitසිංහලSimple EnglishslovenčinaسرائیکیslovenščinaanarâškielâSoomaaligashqipсрпски / srpskiSiSwatiSeeltersksvenskaKiswahiliꠍꠤꠟꠐꠤślůnskiதமிழ்తెలుగుtetunтоҷикӣไทยTagalogtolışitoki ponaTok PisinTürkçeтатарча / tatarçachiTumbukaтыва дылукраїнськаاردوoʻzbekcha / ўзбекчаvènetovepsän kel’Tiếng ViệtWest-VlamsVolapükwalonWinaray吴语хальмгisiXhosaმარგალურიייִדישYorùbáZeêuwsⵜⴰⵎⴰⵣⵉⵖⵜ ⵜⴰⵏⴰⵡⴰⵢⵜ閩南語 / Bân-lâm-gí粵語中文isiZulu

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article