
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fortbeweege vun engem Seegelschëff oder -boot mat der Hëllef vum Wand. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Seegelen (Homonymie).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Seegelen ass d'Fortbeweege mat engem Seegelschëff oder -boot andeems ee vun der Wandenergie profitéiert. Seegelschëffer hate weltwäit an iwwer Joerhonnerten eng grouss Bedeitung fir den Handel, den Transport, d'Krichsféierung a fir d'Fëscherei. Géint Enn vum 19. Joerhonnert si se ëmmer méi vu motoriséierte Schëffer ofgeléist ginn, déi manner ofhängeg vun de Wiederkonditioune waren a gemenkerhand méi séier a mat manner Personal bedriwwe konnte ginn.
Hautdesdaags gëtt d'Seegelen an den Industrielänner bal nëmmen nach als Fräizäitaktivitéit oder Kompetitiounssport bedriwwen, och wa Krichs- an Handelsmarinne weiderhi Seegelschëffer fir Ausbildungs Zwecker bäibehalen. Anersäits spille Seegelschëffer a manner entwéckelte Regiounen nach ëmmer eng wichteg Roll fir de Wuerentransport.
Seegelen als Sport
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Seegelen (Sport).
Um Spaweck
Commons: Seegelen – Biller, Videoen an Audiodateien
