| Schleswig-Holstein | ||
| Fändel | Wopen | |
|---|---|---|
| Basisdaten | ||
| Sproochen: | Däitsch Nidderdäitsch Dänesch Frisesch Romani | |
| Haaptstad: | Kiel | |
| Fläch: | 15.799,65 km² | |
| Awunner: | 2.800.000 (2014) | |
| Bevëlkerungsdicht: | 179 Awunner/km² | |
| Politik | ||
| Stëmmen am Bundesrat: | 6 | |
| Ministerpresident: | Daniel Günther (CDU) | |
| Lokalisatioun | ||
Schleswig-Holstein (op Nidderdäitsch: Sleswig-Holsteen, op Dänesch: Slesvig-Holsten, op Nordfrisesch: Slaswik-Holstiinj) ass e Bundesland am Nordweste vun Däitschland. Haaptstad ass Kiel.
Geographie
Schleswig-Holstein läit tëscht dem Nordmier an dem baltesche Mier a grenzt am Norden un Dänemark, am Süden un Hamburg an Niddersachsen an am Südosten u Mecklenburg-Vorpommern.
Gréisst Stied
Wat d'Awunnerzuele betrëfft, sinn déi gréisste Stied a Schleswig-Holstein:
Sproochen
Allgemeng Verwaltungssprooch ass Däitsch, woubäi et juristesch net kloer ass, op domat nëmmen Héichdäitsch oder och Nidderdäitsch (och Plattdäitsch genannt) gemengt ass.
A Schleswig-Holstein stinn der Europäescher Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen no follgend Sproochen ënner Schutz:
- Dänesch (Minoritéitssprooch): Standarddänesch, Sydslesvigdansk a Sønderjysk
- Frisesch (Minoritéitssprooch): Nordfrisesch
- Romani (och nach Romanes genannt, Minoritéitssprooch vun de Sinti a Roma)
- Nidderdäitsch (Regionalsprooch)
Um Spaweck
- Offiziell Websäit vu Schleswig-Holstein
Commons: Schleswig-Holstein – Biller, Videoen an Audiodateien
