factograf
LB

Zort Paschtéit

Samsa

Samsa
Indesch Samosa
Indesch Samosa
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kascht Samsa. Fir déi lëtzebuergesch Filmproduktiounsfirma, kuckt wgl. Samsa Film.

Samsa oder Samosa ass eng Zort Paschtéit, déi meeschtens dräieckeg mä heiansdo och oval ass, a mat Gehaaktes (dacks Hämmelfleesch, mä och Rëndfleesch oder Poulet), gewierzte Gromperen, Ierbsen, Ënnen an/oder Lënse gefëllt gëtt. Et gëtt eng Abberzuel vu Rezepter vun dësem Kascht, dee wuel an Zentralasien respektiv am Indesche Subkontinent entstanen ass, mä hautdesdaags och a ganz Südasien, op der Arabescher Hallefinsel, am Mëttelmierraum, an Nord- a Südafrika an um Har vun Afrika beléift ass.

Den Deeg fir Samsa ass ni gesalzt, dacks ass et Bliederdeeg, soss einfache Broutdeeg.

An Zentralasie gëtt Samsa am Géigesaz zum Rescht vun der Welt ëmmer gebak an ni fritéiert. Nieft dem Fleesch kommen normalerweis just Ënnen dran, lokal och emol Gromperen oder Kéis, oder saisonal Kalbassen. Et ass do eng waarm Tëschemolzecht, déi a Stroossekiosken, op Maartstänn oder a klenge Cafée verkaaft gëtt, gradewéi Hamburger an den USA oder Pirojok a Russland.

Um Spaweck

 Commons: Samsa a Samosa – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 29 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article