factograf
LB
Sign in

Antoine Krier

Antoine Krier

Key facts

Gebuertsdatum21. Abrëll 1897
Doudesdatum22. September 1983
AktivitéitPolitiker, Gewerkschaftler
GebuertsplazLëtzebuerg
FonctiounBuergermeeschter vun Esch-Uelzecht
politesch ParteiLSAP
All data from the card 9
Gebuer
21. Abrëll 1897Lëtzebuerg
Gestuerwen
22. September 1983
Alter
86 Joer
Nationalitéit
Lëtzebuerg
Aktivitéit
Politiker, Gewerkschaftler
Partei
LSAP
Fonctioun
Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, Suppleant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot
Member vun
Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Geschwëster
Pierre Krier
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Gewerkschaftler a Politiker Kréiesch Tunn. Fir de Fotograf, kuckt wgl. Tony Krier.

Den Antoine Krier ("Kréiesch Tunn"), gebuer den 21. Abrëll 1897 zu Bouneweg, a gestuerwen den 22. September 1983 zu Esch-Uelzecht, war e Lëtzebuerger Gewerkschaftler, Politiker a Spioun fir Frankräich virum Zweete Weltkrich.

Hie war ganz aktiv an der Gewerkschaftsbeweegung. Vun 1929 bis 1935 war hie President vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Am Zweete Weltkrich ass hie virun den däitsche Besatzer fir d'éischt a Frankräich, dunn an d'Schwäiz, fortgelaf.

Vun 1929 bis 1940, an dann nees vun 1949 bis 1951, war hie Schäffe vun der Stad Esch, vun 1951 bis 1965 Buergermeeschter. Hie war och vun 1948 bis 1965, an dann nees vun 1968 bis 1965 Deputéierten an der Chamber. Nom stënterlechen Doud vum Nic Biever, 1965, gouf hie Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung a Grouwen a Gesondheetsminister an der Regierung Werner-Cravatte (bis 1969).

1970, huet hien d'LSAP verlooss, fir der SDP bäizetrieden. 1974 huet hie sech aus dem aktive politesche Liewen zeréckgezunn.

Den Antoine Krier war de Brudder vum Pierre Krier.

Kuckt och

Read next

In 3 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article