

| Dëse Geographiesartikel iwwer Finnland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Rovaniemi [] ass eng Stad a Finnland an de Chef-lieu vun der Regioun Lappland. Se huet 65.329 Awunner (Stand 29. Februar 2024) an ass 7.581,63 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 8,62 Awunner / km². Et ass déi gréisst a bedeitendst Stad am Norde vu Finnland.
Geographie
Rovaniemi läit am Süde vun der Regioun Lappland. De Stadzentrum läit um Zesummefloss vun de Flëss Ounasjoki a Kemijoki, ronn zéng Kilometer südlech vum Polarkrees.
Nieft der Stad selwer, an där iwwer 80 % vun der Bevëlkerung wunnen, ëmfaasst d'Verwaltungsgebitt vu Rovaniemi, zënter der Fusioun mat der Landgemeng Rovaniemi, eng grouss Fläch vun 8.017 km² (méi wéi dräimol sou grouss wéi Lëtzebuerg). Rovaniemi ass domat – wat d'Fläch ugeet – déi gréisst Stad an Europa. De gréissten Deel dovun ass awer ganz dënn bewunnt.
D'Nopeschgemenge vu Rovaniemi sinn: Ranua am Süden, Tervola am Südwesten, Ylitornio a Pello am Westen, Kolari am Nordwesten, Kittilä a Sodankylä am Norden, Kemijärvi am Osten a Posio am Südosten.
Déi noost Groussstad ass Oulu, 207 km südlech vu Rovaniemi; bis an d'Haaptstad Helsinki sinn et 815 km.
Geschicht
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Kuckeswäertes
- Jätkänkynttiläsilta (Holzfällerkäerzebréck)
- D'Duerf vum „Santa Claus“ um Polarkrees
Perséinlechkeeten
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
