Rotterdam ass no Amsterdam déi zweetgréisst Stad vun Holland an huet verkéierstechnesch eng ganz grouss Bedeitung, doduerch datt se de gréissten Hafe vun Europa (drëttgréisste vun der Welt, no Shanghai a Singapur) huet. D'Stad selwer huet ronn 600.000 Awunner, D'Gemeng rond 664.000 Awunner (2023), an der Metropolregioun wunnen der awer ongeféier 1,2 Milliounen (2006). An der Moyenne läit d'Stad zwéi Meter ënner dem Mieresspigel.
Nieft Amsterdam an Den Haag ass Rotterdam e kulturellen Zentrum vun Holland. Rotterdam huet eng Universitéit, verschidde Fachhéichschoulen, eng Musekshéichschoul an eng Konschtakademie. Et ass d'féierend Industrie- an Handelsstad vun Holland. Besonnesch opfälleg ass d'Wollekekrazertsilhouette vu Rotterdam, déi sech an de leschten zwanzeg Joren entwéckelt huet.
Rotterdam läit an der Provënz Südholland. D'Stad gehéiert zum Ballungsraum Randstad, an ass zum gréissten Deel duerch Däicher geschützt.
Geschicht
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Rotterdamm gouf 1940 beim Bombardement vun der däitscher Wehrmacht zu groussen Deeler zerstéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bombardement vu Rotterdam.
Biller


Kuckeswäertes
- Erasmusbréck
- Musée Boijmans van Beuningen
- Witte de With, Musée
- Stadhaus
- Weltmusée Rotterdam
Um Spaweck
Commons: Rotterdam – Biller, Videoen oder Audiodateien
- Gemeng Rotterdam
- Statistik vun der Gemeng Rotterdam
