E Portmonni (vum franséische Porte-monnaie) ass en Accessoire, dee meeschtens an d'Täsch passt, an an deem ee Suen, Kreditkaarten, Ausweisdokumenter (Identitéitskaart, Fürerschäin, Krankekeesekaart...) an aner Dokumenter raumt an transportéiert.
Portmonnie sinn dacks aus Lieder, Stoft oder Plastik.
Ursprénglech war de "Porte-monnaie" fir Mënz geduecht, am Géigesaz zum "Portefeuille", deen op Schäiner ausgeriicht war. Haut ginn déi zwéi Begrëffer am Lëtzebuergeschen als Synonym benotzt.
Um Spaweck
Commons: Wallets/Portemonnien – Biller, Videoen an Audiodateien
Commons: Coin purses/Portemonnien (fir Mënz) – Biller, Videoen an Audiodateien
