factograf
LB
Sign in

US-amerikaneschen Astronom

Peter van de Kamp

Peter van de Kamp

Key facts

Gebuertsdatum26. Dezember 1901
Doudesdatum18. Mee 1995
SchoulenUniversitéit vun Utrecht
AktivitéitAstronom, Universitéitsprofesser
GebuertsplazKampen
DoudesplazAmsterdam
All data from the card 8
Gebuer
26. Dezember 1901Kampen
Gestuerwen
18. Mee 1995Amsterdam
Alter
93 Joer
Nationalitéit
Kinnekräich vun den Nidderlanden, USA
Educatioun
Universitéit vun Utrecht,Universitéit Groningen,Universitéit vu Kalifornien
Aktivitéit
Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun
Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
Auszeechnungen
Jules-Janssen-Präis

De Peter van de Kamp, gebuer de 26. Dezember 1901 als Piet van de Kamp, a gestuerwen den 18. Mee 1995, war en hollännesch-US-amerikaneschen Astronom. Hie gouf bekannt duerch seng Recherchen iwwer de Feilstär vum Barnard.

De Van de Kamp huet vun 1923 un an den USA gelieft. Am Ufank huet hien um Leander McCormick Observatory geschafft, spéider dann um Lick Observatory. 1925 gouf hie promovéiert an ass zeréck an de McCormick Observatoire gaangen.

1937 gouf hie Direkter vum Sproul Observatoire, Swarthmore College. Do huet den Astrometrie-Spezialist ugefaangen d'Beweegunge vum Barnard-Stär ze observéieren. An den 1960er Joren huet hie vu periodesche Schwankungen ("wobbles") an der Eegebeweegung vum Stär geschriwwen, déi hien op een oder zwéi planetär Begleeder mat Massen änlech wéi d'Planéite Jupiter a Saturn zeréckgefouert huet. Spéider huet sech erausgestallt, datt d'Ursaach vun de Schwankunge bei engem systematesche Instrumentefeeler louch.

Auszeechnunge

Den Asteroid Van de Kamp gouf éierenhalber no him genannt.

Read next

In 22 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article