De Peter Green (fir richteg Peter Allen Greenbaum), gebuer den 29. Oktober 1946 zu Bethnal Green, an England, a gestuerwen de 25. Juli 2020, war e brittesche Gittarist a Sänger. Hien huet virun allem an de spéiden 1960er Joren eng wichteg Roll an der Blues-, Rock- a Popzeen gespillt.
Bekannt war en als Solist, ma och als Matgrënner a Member vun der Band Fleetwood Mac a fir seng Zesummenaarbecht mam John Mayall. Tëscht dem Enn vun den 1970er Joren an 2004 ass hie mat der Peter Green Splinter Group opgetrueden.
Zu senge bekanntste Kompositiounen zielen Black Magic Woman (dat vu Santana gecovert gouf) an Albatross.
Um Spaweck
Commons: Peter Green – Biller, Videoen an Audiodateien
