factograf
LB
Sign in

Historescht Monument, Achämenidepalast, Nationalt Patrimoine vum Iran, UNESCO-Weltkulturierwe

Persepolis

Persepolis

Key facts

Fläch12,5ha
Grënnungsdatum / Baudatum510 BC
ass en(g)archeologesch Plaz, Kulturgutt
LandIran
Héicht i. M.1.627m
beschriwwen anOtto-Enzyklopedie
All data from the card 7
Land
Iran
Koordinaten
29° 56’ 04’’ N 52° 53’ 29’’ O
Geographesch Héicht
1.627 m
Fläch
12,5 ha
Statut
UNESCO Weltierwen
Datum vum Bau
520 v. Chr.
Ofgerappt oder zerstéiert
330 v. Chr. (julianesch)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der anticker Stad. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Persepolis (Homonymie).
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Persepolis (nei-persesch تخت جمشيد Tacht-e Dschamschid, "Troun vum Dschamschid"; alpersesch: Parsa) war eng vun den Haaptstied vum anticke Perserräich ënner den Achemeniden. Se gouf 520 v. Chr. vun Dareios I. am Süde vum Iran, an der Regioun Persis gegrënnt, eng 60 km nordëstlech vun der haiteger Stad Shiraz.

Virdru war d'Residenz zu Pasargadae, eng 50 km ewech vun do. Persepolis läit am Marwdascht-Flaachland, um Fouss vum Bierg Kuh-e Mehr, a gouf op enger 15 Hektar grousser Terrass, déi dofir ugeluecht gouf, gebaut. Am ganz goufen do ënner dem Dareios I. a sengen Nofollger, ë. a. dem Xerxes I., dem Artaxerxes I. an dem Artaxerxes II. 14 Gebaier opgeriicht. Direkt nieft der Terrass stounge weidert Palaisen. 330 v. Chr. huet den Alexander de Groussen Persepolis zerstéiert. Et gouf awer deelweis nees opgeriicht, an d'Reschter dovu kënne bis haut besicht ginn. Si si gutt erhalen, well mat der Zerstéierung och de Bewässerungsssystem futti gemaach gouf, a sou an der Zäit dono d'Gemaiers vu Wüstesand zougedeckt gouf.

Persepolis steet zanter 1979 op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwen.

Den Numm "Persepolis" kënnt vun de Griichen hir an heescht "Stad vun de Perser". De perseschen Numm bezitt sech op den Dschamschid, e mythologesche persesche Kinnek.

Biller

Vue op d'Plaz
Vue op d'Plaz
Paart vun Allen Natiounen
Paart vun Allen Natiounen
De Lamassus vun der Paart (Ostagank)
De Lamassus vun der Paart (Ostagank)
Palais vum Dareios I.
Palais vum Dareios I.
Palais vun den Honnert Sailen
Palais vun den Honnert Sailen
5 images

Um Spaweck

 Commons: Persepolis – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 93 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article