factograf
LB
Sign in

US-amerikanesche Filmschauspiller (1928–2009)

Patrick McGoohan

Patrick McGoohan
All data from the card 7
Gebuer
19. Mäerz 1928Astoria
Gestuerwen
13. Januar 2009Santa Monica
Alter
80 Joer
Doudesursaach
Krankheet
Nationalitéit
USA, Irland
Aktivitéit
Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Regisseur, Televisiounsregisseur, Televisiounsproduzent, Filmregisseur, Schrëftsteller
Auszeechnungen
Primetime Emmy Award for Outstanding Guest Actor in a Drama Series
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Patrick Joseph McGoohan, gebuer den 19. Mäerz 1928, a gestuerwen den 13. Januar 2009, war en US-amerikanesche Filmschauspiller.

De McGoohan koum an den USA op d'Welt, an ass an Irland opgewuess. Hie gouf bekannt duerch d'Televisiounsserien Danger Man, an den USA erauskomm ënner dem Numm Secret Agent, an duerch d'Haaptroll am Klassiker The Prisoner.

An der Serie Columbo huet hien e puermol e Mäerder interpretéiert, a krut dofir zwéin Emmy Awards. A Braveheart vum Mel Gibson huet hien d'Roll vum Kinnek Edward gespillt, an an Escape from Alcatraz mat dem Clint Eastwood an der Haaptroll, huet hien de Prisongsdirekter gespillt.

De Patrick McGoohan war zanter 1951 mat der Schauspillerin Joan Drummond bestuet, an d'Koppel hat dräi Kanner.

Filmographie

Kino (Auswiel)

Televisioun (Auswiel)

Read next

In 41 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article