| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Neymar da Silva Santos Júnior, méi bekannt als just Neymar oder Neymar Jr (Júnior), gebuer de 5. Februar 1992 zu Mogi das Cruzes, ass e brasilianesche Foussballspiller op der Stiermer-Positioun.
Hien huet seng Profiscarrière 2009 beim FC Santos ugefaangen. Vun 2013 bis 2017 huet den Neymar fir den FC Barcelona gespillt, a gëtt hie spéider ee Spiller vum Paris Saint-Germain.
Zanter 2010 spillt den Neymar an der brasilianescher Foussballnationalekipp.
Säin Transfert op de PSG huet 222 Milliounen Euro kascht, domat war hien 2017 den deierste Foussballspiller op der Welt a souguer den deierste Spiller an der Geschicht vum Foussball.
Um Spaweck
Commons: Neymar – Biller, Videoen an Audiodateien
