Den NGC 4874 ass eng riseg elliptesch Galaxie, déi bal am Zentrum vum Coma-Koup läit a ronn 12 mag hell ass.
Si ass en cD-Galaxie-Typ an dominéiert, zesumme mat enger zweeter Risegalaxie dem NGC 4889, d'Schwéierfeld vum Galaxiëkoup. Déi béid Stäresystemer hunn en héijen Alter a si méiglecherweis aus der Verschmëlzung vun e puer klenge Spiralniwwelen entstanen. Hir Distanz ass eppes iwwer 300 Millioune Liichtjoer vun eisem Sonnesystem.
Den NGC 4874 gouf de 5. Mee 1864 vum däitsch-däneschen Astronom Heinrich Ludwig d'Arrest entdeckt.
Um Spaweck
- Spitzer-Weltraumteleskop
- Der Coma-Haufen (mat Bild vum Palomar Sky Survey), Univ.München
- SEDS
