Den NGC 4565 (Spëndelgalaxie) ass eng Spiralgalaxie. Et gesäit een si op hir Kant (»edge-on«) am Stärebild Coma Berenices. D'Distanz zu eiser Äerd ass ronn 30 Millioune Liichtjoer, hir Gréisst huet zirka 100.000 Liichtjoer. Si huet eng Wénkelgréisst vu 14,8′ × 2,1′ an eng visuell Magnitude vun 9,5 mag.
Op de Ränner léisst sech e liichte "Bou" (»warp«) erkennen, deen duerch d'Rotatioun vun der Scheif entsteet.
Den NGC 4565 gouf de 6. Abrëll 1785 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: NGC 4565 – Biller, Videoen an Audiodateien
- NOAO
- SEDS
