factograf
LB
Sign in

Balkespiralgalaxie am Stärebild Reticulum

NGC 1559

NGC 1559
All data from the card 14
Stärebild
Reticulum (Ret)
Rektaszensioun
04h 17m 35,8s
Deklinatioun
- 62° 47' 01"
Hubble-Sequenz
SB(s)cd
Visuell Magnitude
10,4 mag
Visuell Magnitude(B-Band)
11,1 mag
Wénkelduerchmiesser
3,5 x 2,0
Routverrécklung
0.004350
Entdecker
James Dunlop
Entdeckungsdatum
1826
AM
0417-625
NGC
1559
PGC
14814
ESO
84-10

Den NGC 1559 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Reticulum (Netz) um südleche Stärenhimmel. Si ass ausserdeem och eng Seyfertgalaxie. Aktuell Observatiounen hu gewisen, datt d'Galaxie weeder een Deel vun engem Galaxiëkoup nach vun enger Galaxiëgrupp ass an och keng no Begleetgalaxie huet. Den NGC 1559 huet massiv Spiraläerm an huet eng staark Stäregenesis, d'Galaxie ass och eng Quell vu ganz staarker Radiostralung.

Am Joer 2005 war eng Supernova vum Typ Ia (SN 2005df) an der Galaxie. Zwou weider Supernovaen, déi am NGC 1559 observéiert goufen, waren d'SN 1984J an d'SN 1986L. Allen dräi goufe vum australeschen Amateurastronom Robert Evans entdeckt.

Kuckt och

Read next

In 33 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article