| Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Fürstentum Monaco ass e Staat an Europa, an zwar eng Enklav am franséischen Territoire, um Bord vum Mëttelmier, ëstlech vun Nice, net wäit vun der italieenescher Grenz. Seng Küst laanscht d'Mëttelmier ass ronn 4 km laang. Monaco huet eng Fläch vun 202 ha an 32.020 Awunner (Vollekszielung 2000). Mat bal 16.000 Awunner pro km² ass Monaco deen dichtbesidelste Staat op der Welt.
Säin Numm kënnt vun de griichesche Siidler hier, déi sech am 5. Joerhonnert v. Chr. um haitegen Territoire vu Monaco néiergelooss hunn. Zu Éiere vum Herakles "Monoikos" hate si nämlech en Tempel gebaut. Doraus ass d'Bezeechnung Monaco entstanen.
Haut wunnen zu Monaco net nëmme Monegassen, mä och vill räich Leit vun iwwerall, déi sech aus steierleche Grënn do néiergelooss hunn.
Monaco ass praktesch nëmmen eng Stad, déi verwaltungsméisseg aus 6 Deeler besteet. Een dovun, de bekanntsten, ass Monte Carlo.
Vun der Fläch hier ass Monaco nom Vatikanstad dee klengsten, awer dichtbesidelste Staat vun der Welt.
Sprooch

Monaco huet zwar seng eege Sprooch (Monegassesch), e romaneschen Dialekt, mä déi offiziell Sprooch ass Franséisch.
Um Spaweck
Commons: Monaco – Biller, Videoen oder Audiodateien
- (fr) Offiziell Säit vun der monegassescher Regierung
- (fr) Offiziell Säit vun der Gemeng Monaco
