factograf
LB

en humoristescht Konzept, dat sech via Internet séier vu Persoun zu Persoun verbreet

Meme

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Meme (phoneetesch) oder Internet Meme ass en Internetphenomeen, bei deem e Bild oder eng Foto als Hannergrond benotzt gëtt, op deem meeschtens en Text oder e Sproch mat wäisse Buschtawen drop geschriwwe gëtt. Mat Hëllef vun den digitale Medie geschitt eng séier Verbreedung vun engem Text, enger Foto, engem Sproch oder engem kulturelle Wäert.

Den englesche Konschtbegrëff meme gouf am Joer 1976 vum Richard Dawkins a sengem populärwëssenschaftleche Buch The Egoistic Gene gebraucht fir d'Verbreede vu kulturellen Informatiounen zu beschreiwen. De Begrëff ass eng Deformatioun vum Begrëff mimesis („Imitatioun“ am Algriicheschen) mat Analogie zum biologesche Begrëff Gen. Am Joer 2013 huet den Dawkins d'Internet Meme als Meme beschriwwen, déi duerch mënschlech Kreativitéit fräi verännert ginn.

Um Spaweck

 Commons: Memes – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 70 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article