factograf
LB
Sign in

US-amerikanesche Museker

Lou Reed

Lou Reed

Key facts

Gebuertsdatum2. Mäerz 1942
Doudesdatum27. Oktober 2013
AktivitéitSänger, Singer-Songwriter, Gittarist
DoudesplazEast Hampton
AuszeechnungSteiger Award
GenreRockmusek
All data from the card 10
Gebuer
2. Mäerz 1942New York
Gestuerwen
27. Oktober 2013East Hampton
Alter
71 Joer
Doudesursaach
Liewerzirros
Nationalitéit
USA
Aktivitéit
Sänger, Singer-Songwriter, Gittarist, Fotograf, Komponist, Liddermécher, Dichter, Schauspiller, Museksproduzent, Filmregisseur, Museker, Museksmanager
Member vun
The Velvet Underground
Auszeechnungen
Steiger Award, Rock and Roll Hall of Fame, Grammy Awards
Bestuet mat
Betty Reed (1973–1973),Silvia Morales (1980–1990),Laurie Anderson (12.4.2008–27.10.2013)
Websäit
http://www.loureed.com


De Lewis Allen "Lou" Reed, gebuer den 2. Mäerz 1942 zu New York, an och do gestuerwen de 27. Oktober 2013, war en US-amerikanesche Museker a Sänger. Hie war zesumme mam John Cale ee vun den Haaptleit vun der Band The Velvet Underground. Hie war ee vun deenen éischten déi iwwer Sujete wéi Sadomasochismus (Venus in Furs), Transvestismus (Sister Ray) an Transsexualitéit (Lady Godiva's Operation) gesongen huet. Hien hat och groussen Afloss als Gittarist; hien huet dacks mat Effekter wéi Distortion a verzerrte Stëmme geschafft.

1970 huet hie Velvet Underground verlooss an eng Solocarrière ugefaangen. Dat selwecht Joer hat hie säi gréisste Single-Hit: Walk on the Wild Side, dat méi spéit um Album Transformer (deen den David Bowie produzéiert hat), erauskoum. Och mat Perfect Day hat hie méi spéit nach en Hit.

Zanterhier huet de Lou Reed reegelméisseg nei Alben erausbruecht. Metal Machine Music vun 1975 ass ee vun deene bekanntsten, well dee voll ass mat loops vu Gittar-Feedbacken, wat e gewësse gudde Wëlle viraussetzt fir en ze lauschteren.

De Reed, dee wärend sengem Liewe vill mat Drogen ze dinn hat, war bestuet mat der Kënschtlerin Laurie Anderson.

Zu Lëtzebuerg ass de Lou Reed déi lescht Kéier de 6. Juni 2012 an der Rockhal opgetrueden.

Discographie

Mat The Velvet Underground

  • The Velvet Underground & Nico (1967)
  • White Light/White Heat (1968)
  • The Velvet Underground (Album) (1969)
  • Loaded (1970)
  • Live at Max's Kansas City (1972, opgeholl 1970)
  • 1969 (1974, opgeholl 1969)
  • VU (1985, opgeholl 1968-1969)
  • Another View (1986, opgeholl 1967-1969)
  • Live MCMXCIII (1993)
  • Peel Slowly and See (1995, 5-CD Boxset opgeholl 1965-1970)
  • The Quine Tapes (2001, opgeholl 1969)
  • Live at Max's Kansas City (Deluxe-Edition 2005, opgeholl 1970)

Solo

Studioalben

  • Lou Reed (1972)
  • Transformer (1972)
  • Berlin (1973)
  • Sally Can't Dance (1974)
  • Metal Machine Music (1975)
  • Coney Island Baby (1976)
  • Rock 'n' Roll Heart (1976)
  • Street Hassle (1978)
  • The Bells (1979)
  • Growing Up in Public (1980)
  • The Blue Mask (1982)
  • Legendary Hearts (1983)
  • New Sensations (1984)
  • Mistrial (1986)
  • New York (1989)
  • Magic and Loss (1992)
  • Set the Twilight Reeling (1996)
  • Ecstasy (2000)
  • The Raven (2003)
  • Hudson River Wind Meditations (2007)

Kompilatiounen

  • Wild Child – Best (1993) (1972–1986)

Livealben

  • Rock 'n' Roll Animal (1974)
  • Lou Reed Live (1975)
  • Live: Take No Prisoners (1978)
  • Live in Italy (1984)
  • Live in Concert (1997)
  • Perfect Night: Live in London (1998)
  • American Poet (2001)
  • Extended Versions (2003)
  • Animal Serenade (2004)
  • Berlin – Live At St. Ann's Warehouse (2008)

Zesummenaarbecht mat anere Kënschtler

  • Transformer mam David Bowie a Mick Ronson (1972)
  • Coney Island Baby mat Cover-Art vum Mick Rock (1975)
  • Songs for Drella mam John Cale (1990)
  • The Raven mat Cover-Art vum Julian Schnabel (2003)
  • Le Bataclan ’72 mam John Cale & Nico (2004)
  • NYC Man: The Ultimate Collection mam US Cover-Art vum Marie Pittroff (2004)
  • Black Building (No Balance Palace) mat Kashmir (2005)
  • Tranquilize mat The Killers (2007)
  • Some Kind of Nature mat Gorillaz (2010)
  • Lulu, Album mat Metallica (2011)

Um Spaweck

 Commons: Lou Reed – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Offiziell Homepage
  • Interview mam Lou Reed von 2004

Read next

In 66 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article