| Dëse Geographiesartikel iwwer Finnland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Regioun Kymenlaakso (fi. Kymenlaakso, sv. Kymmenedalen) ass eng vun den 19 Regiounen a Finnland. De Chef-lieu ass [[Kotka]].
D'Regioun huet 156.198 Awunner (Stand 31. Dezember 2025) an ass 4.947,65 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 31,57 Awunner / km².
Geographie
D'Regioun Kymenlaakso läit am Süde vu Finnland um Finnesche Golf. D'Nopeschregioune sinn Uusimaa am Westen, Päijät-Häme am Nordwesten, Südsavo am Norden a Südkarelien am Nordosten. Am Südoste stéisst d'Regioun un d'russesch Grenz.
D'Landschaft gëtt vum Floss Kymijoki dominéiert, no deem d'Regioun genannt ass. Am nërdlechen Deel vu Kymenlaakso sinn dicht Bëscher a vill Séien, iwwerdeems et am südlechen Deel net vill Bannegewässer gëtt, an deen Deel haaptsächlech landwirtschaftlech exploitéiert gëtt.
Geschicht
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Verwaltung
Ier d'Provënzen a Finnland op den 1. Januar 2010 ofgeschaaft goufen, huet d'Regioun zur Provënz Südfinnland gehéiert.
Gemengen
Zur Regioun gehéieren dës 6 Gemengen (Stand: 01.01.2026):
- Hamina
- Kotka
- Kouvola
- Miehikkälä
- Pyhtää
- Virolahti
Um Spaweck
Commons: Kymenlaakso – Biller, Videoen an Audiodateien
