factograf
LB

Klausener

Klausener

E Klausener oder Klausbrudder, op Däitsch Eremit oder och Einsiedler, op Franschéisch ermite, ass e Mënsch, deen, sief et aus reliéisen oder anere Grënn, méi oder manner wäit ewech zeréckgezu vun anere Mënsche lieft. D'Plaz, wou en Eremit lieft, gëtt Klaus oder Eremitage genannt.

Den Numm "Eremit" kënnt vum griicheschen ἐρημίτης = eremites, aus ἔρημος = erēmos, wat Wüst oder "net bewunnt" bedeit, deemno "een, deen an der Wüst lieft". "Klausener" bezitt sech op dat laténgescht claustrum, wat "agespaart" bedeit.

De wuel bekanntste Klausener zu Lëtzebuerg war de Schetzel, deen am 12. Joerhonnert an enger Klaus am Gréngewald gelieft huet.

Um Spaweck

 Commons: Klausener – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 73 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article