factograf
LB
Sign in

Nationalhymn vu Japan

Kimi Ga Yo

Kimi Ga Yo

Key facts

Grënnungsdatum / Baudatum26. Oktober 1880
ass en(g)Nationalhymn
LandJapan
All data from the card 1
Text
onbekannt

Kimi Ga Yo (『君が代』) ass d'Nationalhymn vu Japan. Den Text ass vun engem Waka-Gedicht vun engem onbekannten Auteur aus der Heian Period (794–1185), an domat deen eelsten Text vun enger Nationalhymn, déi haut nach a Gebrauch ass.

Déi haiteg Melodie ass vun 1880, an ersetzt eng aner, déi 1869 vum John William Fenton komponéiert gi war, mä onpopulär war. Den Titel heescht souvill wéi "de Règne vun Hirer Majestéit"

Vun 1888 bis 1945 war Kimi Ga Yo d'Nationalhymn vum japanesche Keeserräich. Och nom Zweete Weltkrich blouf d'Lidd d'De-facto-Nationalhymn. Eréischt 1999 gouf et duerch d'Gesetz iwwer den Nationalfändel an d'Nationalhymn offiziell unerkannt.

Text

Original
君が代は
千代に
八千代に
細石の
巌となりて
苔の生すまで

Hepburn-Transkriptioun
kimi ga yo wa
chi-yo ni
yachi-yo ni
sazare ishi no
iwao to narite
koke no musu made

Lëtzebuergesch Iwwersetzung
Är Herrschaft soll
dausend,
aachtdausend Generatiounen daueren,
bis e Stengche
zu engem Fiels gëtt,
op deem Moos wiisst.

Um Spaweck

 Commons: Kimi Ga Yo – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 91 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article