factograf
LB

Joseph-Louis Lagrange

Joseph-Louis Lagrange

Key facts

Gebuertsdatum25. Januar 1736
Doudesdatum10. Abrëll 1813
SchoulenUniversità degli Studi di Torino
AktivitéitMathematiker, Astronom, Physiker
GebuertsplazTurin
DoudesplazParäis
All data from the card 10
Gebuertsnumm
Giuseppe Ludovico Lagrangia
Gebuer
25. Januar 1736Turin
Gestuerwen
10. Abrëll 1813Paräis
Alter
77 Joer
Nationalitéit
Frankräich, Kinnekräich Piemont-Sardinien
Educatioun
Università degli Studi di Torino
Aktivitéit
Mathematiker, Astronom, Physiker, Politiker, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Grof
Fonctioun
President vun der Académie des sciences
Auszeechnungen
Grand officier de la Légion d'honneur‎, Fellow vun der Royal Society, 72 Nimm um Eiffeltuerm
Bestuet mat
Vittoria Conti (1767–1783),Adélaïde Le Monnier (1792–1813)

De Joseph-Louis de Lagrange, gebuer de 25. Januar 1736 zu Turin als Giuseppe Lodovico Lagrangia, a gestuerwen den 10. Abrëll 1813 zu Paräis, war en italieenesche Mathematiker an Astronom.

Liewen

De Lagrange gouf als Giuseppe Ludovico Lagrangia gebuer. Säi Papp war e guttsituéierte Beamte vu franséischer Ofstamung. Duerch Spekulatiounen hat d'Famill awer erhieflech finanziell Verloschter. De Lagrange ass an den Turiner Kolléisch gaangen, wou hie mat 17 Joer dat éischt mathematescht Interessi gewisen hat, nodeem hien zoufälleg op eng Publikatioun vum Edmond Halley, gestouss war. Säi Papp wollt, datt hie Jurist sollt ginn, awer an der Schoul hat sech de Lagrange méi fir d'Mathematik intresséiert, speziell fir d'Geometrie. An engem Joer hat hie sech dat komplett Wësse vun engem vollstänneg ausgebilte Mathematiker aus senger Zäit bäibruecht.

Mat 19 Joer krut hien e Léierstull fir Mathematik op der kinneklecher Artillerieschoul zu Turin. Do huet hien och seng éischt wëssenschaftlech Aarbechten iwwer d'Differentialequatiounen a d'Variatiounsrechnung publizéiert. 1757 hat hien zu de Grënner vun der Turiner Akademie gehéiert.

Op Ufro vum Friedrich II. vu Preisen goung de Lagrange 1766 als Direkter vun der preisescher Akademie vun de Wëssenschafte an Nofollger vum Leonhard Euler op Berlin. Do huet hie sech mat Problemer vun der Astronomie beschäftegt, awer och mat de partieller Differentialequatioun souwéi mat Froe vun der Geometrie an der Algebra.

Nom Doud vum Friedrich II. (1786) goung hie 1787 als Pensionär vun der Akademie sc op Paräis. No enger Phas vun Depressiounen huet hie 1788 säi bekannt Wierk iwwer theoreetesch Physik Mécanique analytique publizéiert; eng weider Publikatioun déi d'Dräikierperproblem vun der Himmelsmechanik behandelt.

1793 war d'Period vun der Terreur an all d'Auslänner goufen aus Frankräich gejot. De Lagrange krut eng Spezialautorisatioun. Kuerz Zäit krut hie 1795 eng Léierplaz op der École normale supérieure a koum an den nei gegrënnten Institut de France. Vu 1797 huet hien dunn op der École polytechnique Schoul gehalen.

Ënner dem Napoleon I. gouf hien zum Grof a Senateur vu Frankräich ernannt. Doduerch huet hien de Papp vum Augustin Louis Cauchy kennegeléiert a gouf en Ënnerstëtzer vum Cauchy.

De Lagrange ass am Panthéon opgeboort. Hien ass och mat sengem Numm um Eiffeltuerm veréiwegt (kuckt dozou: 72 Nimm um Eiffeltuerm).

Hie war de Monni vum Giovanni Antonio Amedeo Plana.

Zesummefassung vu senge Leeschtungen

De Lagrange hat déi analytesch Mechanik (Lagrangefunktioun) begrënnt. Weider Aarbechtsgebidder waren d'Dräikierperproblem vun der Himmelsmechanik (Lagrange-Punkten), d'Variatiounsrechnung an d'Theorie vun de komplexe Funktiounen. Hien hat Undeel un der Gruppentheorie (ier déi als eege Fuerschungsbranche existéiert huett) a bei der Theorie vun de quadratesche Formen an der Zuelentheorie.

Kuckt och

Portal Astronomie

  • Saz vum Lagrange
  • Interpolatioun
  • Lagrange-Dicht
  • Lagrange-Formalismus
  • Lagrange-Multiplikator
  • Lagrange-Polynom
  • Lagrange-Punkt
  • Véier-Quadrate-Saz
  • Lagrange (Moundkrater)

Um Spaweck

 Commons: Joseph-Louis Lagrange – Biller, Videoen an Audiodateien
  • Déi fënnef Lagrange-Punkten
  • Mathematikerstammbam

Read next

In 91 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article