factograf
LB

US-amerikanesche Geschäftsmann a Wiki-Pionéier

Jimmy Wales

Jimmy Wales

Key facts

Gebuertsdatum7. August 1966
AktivitéitGeschäftspersoun, Entreprener, Wikimedianer
GebuertsplazHuntsville
bestuet matKate Garvey
EmployeurFandom, Inc.
WierkerWikipedia
All data from the card 11
Gebuertsnumm
Jimmy Donal Wales
Pseudonym
Jimbo
Gebuer
7. August 1966Huntsville
Alter
60 Joer
Nationalitéit
USA, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun
Universitéit vun Alabama,Indiana University Bloomington,Randolph School
Aktivitéit
Geschäftsmann, Entreprener, Wikimedianer, Informatiker, Fuerscher, Riedner, Händler
Member vun
Wikimedia
Auszeechnungen
Internet Hall of Fame, Dan-David-Präis, Prix Giles
Bestuet mat
Kate Garvey (6.10.2012–),Christine Rohan (1997–2001),Pamela Green (1986–1993)
Websäit
https://jimmywales.com/
Den Jimbo Wales mat zwee Bomis-Meedercher
Den Jimbo Wales mat zwee Bomis-Meedercher

Den Jimmy Donal "Jimbo" Wales, gebuer de 7. August 1966 zu Huntsville, Alabama, ass en US-amerikanesche Geschäftsmann a Wiki-Pionéier.

No sengem Studium op der Universitéit vun Auburn an der Universitéit vun Alabama gouf de Wales Derivaten-Trader op der Bourse vu Chicago, wou en sou vill Sue gescheffelt huet datt e fir de Rescht vu sengem Liewen ausgesuergt huet.

1996 huet e säi Beruff un den Nol gehaangen an e Sichportal mam Numm Bomis gegrënnt, iwwer dat en ë. a. erotesch a pornographesch Biller verkaaft huet. De Wales ass hautdesdaags zwar net méi Direkter vu Bomis, mä ëmmer nach den Haaptaktionär an och en Employé vun där Firma.

Am Mäerz 2000 huet en den oppenen Enzyklopedie-Projet Nupedia gegrënnt an de Larry Sanger als Chefredakter agestallt. D'Nupedia ass awer dee kooperative Modell fir Artikelen ze schreiwen nach vill ze restriktiv ugaangen, soudatt dat Ganzt kee grousse Succès gouf an d'Internetsäit schlussendlech zougemaach gouf.

Sou koum et dann datt de 15. Januar 2001 de Wales, de Sanger an nach e puer anerer zesummen en neien Ulaf geholl hu fir eng fräi wiki-baséiert Enzyklopedie online ze bréngen: d'Wikipedia. Den 20. Juni 2003 huet de Wales dee ganze Projet der frësch gegrënnter Fondatioun Wikimedia ënnerstallt, an där hirem Direktiounskommitee de Wales selwer mat nach zwéin anere Bomis-Mataarbechter d'Majoritéit huet, géint zwéi vun der Wikipedia-Communautéit fräi gewielte Kommiteesmemberen.

2004 huet de Wales dunn déi profitorientéiert Firma Wikia an d'Liewe geruff, déi de Webhosting-Déngscht Wikicities bedreift.

Fir d'Wikimedia z'ënnerstëtze reest de Wales dacks duerch d'Welt fir Konferenzen ze halen an op Wiki-Evenementer dobäi ze sinn (z. B. "Wikimeets" a "Wikimania"). Dacks gëtt en och als Gaaschtriedner engagéiert. Sou ass hien den 20. Juni 2013 vun 10:30 bis 11:15 als Riedner op der 'ICT Spring Europe 2013' an der Luxexpo um Kierchbierg.

Um Spaweck

 Commons: Jimmy Wales – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 189 languages

lbAfrikaansAlemannischአማርኛaragonésअंगिकाالعربيةالدارجةمصرىঅসমীয়াasturianuअवधीazərbaycancaбашҡортсаBasa BaliBoarischžemaitėškaBikol Centralбеларуская (тарашкевіца)беларускаябългарскиभोजपुरीBanjarပအိုဝ်ႏဘာႏသာႏবাংলাབོད་ཡིགbrezhonegbosanskiбуряадcatalà閩東語 / Mìng-dĕ̤ng-ngṳ̄нохчийнCebuanoکوردیqırımtatarcačeštinaчӑвашлаCymraegdanskdagbanliDeutschZazakiKadazandusunडोटेलीދިވެހިބަސްΕλληνικάemiliàn e rumagnòlEnglishEsperantoespañoleestieuskaraestremeñuفارسیFulfuldesuomifrançaisarpetanfurlanFryskGaeilgeGagauzgalegoBahasa Hulontalo𐌲𐌿𐍄𐌹𐍃𐌺Ghanaian PidginગુજરાતીHausa客家語 / Hak-kâ-ngîעבריתहिन्दीFiji HindihrvatskiKreyòl ayisyenmagyarհայերենԱրեւմտահայերէնJaku IbanBahasa IndonesiaIgboIlokanoIdoíslenskaitalianoᐃᓄᒃᑎᑐᑦ / inuktitut日本語ქართულიQaraqalpaqshaTaqbaylitTyapGĩkũyũқазақшаಕನ್ನಡYerwa Kanuri한국어کٲشُرкыргызчаLatinaLadinoлезгиLimburgslombardລາວlietuviųlatviešuमगहीमैथिलीMalagasyMinangkabauмакедонскиമലയാളംмонголꯃꯤꯇꯩ ꯂꯣꯟဘာသာမန်मराठीBahasa MelayuMaltiမြန်မာဘာသာمازِرونیNāhuatlNapulitanoPlattdüütschनेपालीNederlandsnorsk nynorsknorskChi-Chewaoccitanଓଡ଼ିଆਪੰਜਾਬੀPangasinanKapampanganNaijápolskiPiemontèisپنجابیپښتوportuguêsRuna Simiromânăрусскийсаха тылаᱥᱟᱱᱛᱟᱲᱤsardusicilianuScotsسنڌيsrpskohrvatski / српскохрватскиတႆးසිංහලSimple EnglishslovenčinaslovenščinaGagana SamoaSoomaaligashqipсрпски / srpskiSranantongoSesothoSeelterskSundasvenskaKiswahiliதமிழ்తెలుగుтоҷикӣไทยTürkmençeTagalogtoki ponaTürkçeئۇيغۇرچە / Uyghurcheукраїнськаاردوoʻzbekcha / ўзбекчаvènetovepsän kel’Tiếng ViệtVolapükwalonWinaray吴语მარგალურიייִדישⵜⴰⵎⴰⵣⵉⵖⵜ ⵜⴰⵏⴰⵡⴰⵢⵜ文言閩南語 / Bân-lâm-gí粵語中文

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article