factograf
LB
Sign in

Jacques Demy

Jacques Demy

Key facts

Gebuertsdatum5. Juni 1931
Doudesdatum27. Oktober 1990
SchoulenÉcole Louis-Lumière
AktivitéitDréibuchauteur, Dialogauteur, Liddertexter
GebuertsplazPontchâteau
Doudesplaz14. Arrondissement
bestuet matAgnès Varda
AuszeechnungLouis-Delluc Präis
Héicht1,69m
beschriwwen anUbuWeb
All data from the card 11
Gebuertsnumm
Jacques Louis Raymond Marcel Demy
Gebuer
5. Juni 1931Pontchâteau
Gestuerwen
27. Oktober 199014. Arrondissement
Alter
59 Joer
Doudesursaach
AIDS
Nationalitéit
Frankräich
Educatioun
École Louis-Lumière
Aktivitéit
Dréibuchauteur, Dialogauteur, Liddertexter, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur, Filmregisseur
Auszeechnungen
Louis-Delluc Präis, Palme d'or
Bestuet mat
Agnès Varda (1962–27.10.1990)
Kanner
Mathieu Demy

De Jacques Demy, gebuer de 5. Juni 1931 zu Pontchâteau an der Loire-Atlantique, a gestuerwen de 27. Oktober 1990 zu Paräis un enger Gehierbluddung, war e franséische Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Dialogist a Produzent. E war mat der Agnès Varda, enger franséischer Filmregisseurin, bestuet. De Schauspiller Mathieu Demy ass dem Jacques Demy säi Jong.

D'Agnes Varda huet als Erënnerung un hire Mann dräi Filmer gedréint: Jacquot de Nantes (1991), Les demoiselles ont eu 25 ans (1993) a L'univers de Jacques Demy (1995).

Mat dem Film Lola huet de Jacques Demy der Schauspillerin Anouk Aimée e Monument gesat.

De Film Les parapluies de Cherbourg huet iwwerrascht, de ganze Film gëtt nëmme gesongen. D'Musek zu den Dialogen huet de Michel Legrand geschriwwen.

Säin nächste Film, Les demoiselles de Rochefort, ass en Hommage un d'amerikanesch Museksfilmer aus de 1950er Joren, awer duerch de Brëll vun engem Fransous gekuckt.

En aussergewéinleche Mäerchefilm ass Peau d'âne (nom Charles Perrault), vum Sujet hier vläicht net ganz gelongen, dofir sinn d'Fotoen, d'Dekoren an d'Kostümer einfach fantastesch a wonnerschéin.

The Pied Piper spillt och an der Mäerchewelt, am Géigesaz zu Peau d'âne ass dëse Film awer ganz onheemlech a voll Raten an däischtere Persounen.

Mat Une chambre en ville beweist de Jacques Demy erëm eng Kéier, datt hien et verstanen huet d'Schauspillerinne vun hirer schéinster Säit ze weisen. Wann de Film inhaltlech och net ganz gelongen ass, sou gëtt hien der Dominique Sanda eng vun hire schéinste Rollen.

Filmer

als Regisseur

  • 1955: Le sabotier du val de Loire
  • 1957: Le bel indifferent mam Jeanne Allard an Angelo Bellini
  • 1958: Musée Grévin mam Michel Serrault
  • 1959: Ars
  • 1961: Lola mam Anouk Aimée an Elina Labourdette
  • 1962: Les sept péchés capitaux (Sketch: La luxure) mam Claude Berri a Jean-Claude Brialy
  • 1963: La baie des anges mam Jeanne Moreau a Claude Mann
  • 1964: Les parapluies de Cherbourg mam Catherine Deneuve an Nino Castelnuovo
  • 1967: Les demoiselles de Rochefort mat den zwou Sëschteren Catherine Deneuve a Françoise Dorléac
  • 1968: Model Shop mam Anouk Aimée a Gary Lockwood
  • 1970: Peau d'âne mam Catherine Deneuve a Jean Marais
  • 1972: The Pied Piper oder (The Pied Piper of Hamelin) mam Donald Pleasence, Roy Kinnear an Donavan
  • 1972: L'événement le plus important depuis que l'homme a marché sur la Lune mam Catherine Deneuve a Marcello Mastroianni
  • 1978: Lady Oscar mam Catriona Mac Coll a Barry Stokes
  • 1980: La naissance du jour mam Jean Sorel an Dominique Sanda
  • 1982: Une chambre en ville mam Dominique Sanda an Danielle Darrieux
  • 1985: Parking mam Jean Marais a Laurent Malet
  • 1988: La table tournante mam Mathieu Demy an Anouk Aimée
  • 1988: Trois places pour le 26 mam Yves Montand a Catriona Mac Coll

als Schauspiller

  • Le bel indifférent (1957)
  • Les quatre cents coups (1959)
  • Paris nous appartient (1960)
  • Les parapluies de Cherbourg (1964)
  • Peau d'âne (1970)

Kuckt och

  • Lëscht vu Filmregisseuren

Um Spaweck

 Commons: Jacques Demy – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 45 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article