factograf
LB
Sign in

planetareschen Niwwel am Stärebild Scutum

IC 1295

IC 1295
All data from the card 10
Stärebild
Scutum (Sct)
Rektaszensioun
18h 54m 37,206s
Deklinatioun
- 08° 49’ 39,08"
Visuell Magnitude
+12,7m mag
Wénkelduerchmiesser
1,7' × 1,4'
Distanz (Lj)
3.600
Entdecker
Truman Henry Safford
Entdeckungsdatum
28. August 1867
IC
1295
PK
25-4,2

Den IC 1295 ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Scutum. Hie läit ronn 3.600 Liichtjoer vun eis ewech.

Op der Foto vum VLT gesäit een, datt de Stärerescht vun en ettleche Blosen ëmkreest ass. Déi Blose bestinn aus Gas, deen ufanks d'Atmosphär vum Stär gebilt huet an vum onreegelméissege Stärewand an de Raum ronderëm geblose gëtt. D'Gasblose gi vun der staarker ultravioletter Stralung vum zentrale Stär (et kann hien als helle blo-wäisse Punkt an der Mëtt vum Niwwel erkennen) ugereegt an doduerch un d'Liichte bruecht. Verschidde cheemesch Elementer stralen an ënnerschiddleche Faarwen; de grénge Faarftoun am IC 1295, staammt vum ioniséierte Sauerstoff.

De planetareschen Niwwel IC 1295 gouf den 28. August 1867 vum amerikaneschen Astronom Truman Henry Safford entdeckt.

Kuckt och

Read next

In 19 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article