
Den Huang He (黃河 pinyin Huáng Hé), oder Giele Floss, ass den zweetlängste Waasserlaf a China.
En huet eng Längt vu 5.463 km a fléisst an de Golf vu Bohai, deen um Giele Mier läit. Um Huang He läit ausser Lanzhou (Provënzhaaptstad vu Gansu) och Jinan, Haaptstad vun der Provënz Shandong. Den Huang He ass staark polluéiert, besonnesch bei Lanzhou.
Um Spaweck
Commons: Huang He – Biller, Videoen an Audiodateien
