factograf
LB
Sign in

éisträichesche Schauspiller, Theater- an TV-Regisseur

Helmuth Lohner

Helmuth Lohner

Key facts

Gebuertsdatum24. Abrëll 1933
Doudesdatum23. Juni 2015
AktivitéitSchauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
GebuertsplazWien
DoudesplazWien
bestuet matSusanne Cramer
All data from the card 7
Gebuer
24. Abrëll 1933Wien
Gestuerwen
23. Juni 2015Wien
Alter
82 Joer
Nationalitéit
Éisträich
Aktivitéit
Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Televisiounsregisseur, Filmregisseur, Theaterdirekter, Regisseur, Museker
Bestuet mat
Susanne Cramer (1.1.1957–1.1.1958),Karin Baal,Elisabeth Gürtler-Mauthner,Ricarda Reinisch-Zielinski
Kanner
Therese Lohner

Den Helmuth Lohner, och Helmut Lohner gebuer de 24. Abrëll 1933 zu Wien, an och do gestuerwen den 23. Juni 2015, war en éisträichesche Schauspiller, Theater- an TV-Regisseur.

Den Helmuth Lohner hat am Joer 1952 säi Bünendebut am Theater zu Baden. Weider Etappen a senger Theatercarrière ware Berlin, München, Hamburg, Düsseldorf an Zürich. Zu Wien huet hien am Theater in der Josefstadt an am Burgtheater gespillt. An den 1990 Joren ass hien e puermol zu Salzburg am Hugo von Hofmannsthal sengem Stéck Jedermann opgetrueden. Vun 1997 bis 2006 war hien Direkter vum Theater in der Josefstadt.

Am Kino war hien haaptsächlech an Ënnerhalungsfilmer ze gesinn. Op der Tëlee war hien als Schauspiller an als Regisseur aktiv.

De Lohner war zweemol mat der Schauspillerin Susanne Cramer a vun 1962 bis 1976 mat der Schauspillerin Karin Baal bestuet. Hien ass de Papp vun der Schauspillerin Therese Lohner.

Filmographie

Kino

Um Spaweck

 Commons: Helmuth Lohner – Biller, Videoen an Audiodateien

Read next

In 12 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article