| Räich: | Déiereräich |
| Stamm: | Chordata |
| Klass: | Vullen |
| Uerdnung: | Héngervullen |
| Famill: | Phasianidae |
| Gattung: | Gallus |
| Aart: | Bankivahong |
Gallus gallus domesticus
Haushénger (Gallus gallus domesticus)
Systematik
Wëssenschaftlechen Numm
Gallus gallus domesticus
„Linnaeus“ 1758
D'Haushong (Gallus gallus domesticus) ass eng Zuuchtform vum Bankivahong, engem Wëllhong aus Südostasien, a gehéiert zu der Famill Phasianidae. Landwirtschaftlech gi se zum Gefligel gezielt.
Nimm
Ausgesinn
D'Haushong weit tëscht 1,5 bis 5 kg jee no Rass. Gewéinlech ass den Hunn 1 kg méi schwéier wéi d'Hong. Et gëtt do donieft och Zwergrassen, déi tëscht 500 an 1200 Gramm weien. Typesch fir Hénger ass di rout Kräid oder de roude Kamp, dee beim Hunn méi grouss ass wéi beim Hong. Den Hunn huet och e méi laange, séchelfërmege Schwanz.
Comportement

Den Hunn "kréit" (mat der Onomatopee "Kikeriki" erëmginn), d'Hénger "gackeren" (vereelzt ë. a. och nach: "gaaksen, "gaken", "kakelen", "käcksen").
Den natierleche Kascht vun Hénger si Kären, Gras an änlech Planzen, Wierm, Schleeken, Insekten an aner Klengdéiere bis zur Gréisst vu Mais.
Haushénger kënnen am Joer zirka 250 bis 300 Eeër leeën, wann hinnen dat frësch geluecht Ee ewechgeholl gëtt.
Héngerzuucht
Schanken, déi a China fonnt goufen, deiten doropshin, datt schonn an der Neisteenzäit (6. Joerdausend v. Chr.) d'Hénger domestizéiert waren. A Mëtteleuropa sinn déi eelst archeologesch Hiweiser op Héngerhaltung aus der fréier Eisenzäit (Hallstattkultur).
Geschat gi se wéinst den Eeër déi se leeën a wéinst hirem Fleesch. Hénger déi wéinst der Zuucht e méi en Héicht Alter krute kënnen nach als Zoppenhénger oder als Paschtéitefleesch verschafft ginn.
Um Spaweck
Commons: Haushong – Biller, Videoen an Audiodateien
