factograf
LB

US-amerikanesche Filmproduzent, Regisseur an Dréibuchauteur

Hal Roach

Hal Roach

Key facts

Gebuertsdatum14. Januar 1892
Doudesdatum2. November 1992
AktivitéitFilmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur
DoudesplazBel Air
All data from the card 10
Gebuertsnumm
Harry Eugene Roach
Gebuer
14. Januar 1892
Gestuerwen
2. November 1992Bel Air
Alter
100 Joer
Doudesursaach
Longenentzündung
Nationalitéit
USA
Aktivitéit
Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Regisseur, Televisiounsproduzent
Auszeechnungen
Stär um Hollywood Walk of Fame, Éierenoscar
Bestuet mat
Marguerite Nichols (1.1.1915–1.1.1941)
Websäit
http://www.hal-roach.com/

Den Harold Eugene "Hal" Roach, Sr., gebuer de 14. Januar 1892 zu Elmira, New York, a gestuerwen den 2. November 1992 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmproduzent, Regisseur an Dréibuchauteur.

Hie war den Direkter vun den Hal Roach Studios zu Culver City déi vun der Mëtt vun den 1910er Jore bis an d'1960er Joren eran iwwer 1200 Filmer an Televisiounsemissioune produzéiert hunn, bal alles Comédien.

Den Hal Roach hat säin Duerchbroch als Produzent mat de Stommfilmer mam Starkomiker Harold Lloyd an der Haaptroll, méi spéit gouf e virun allem bekannt fir d'Serie vun de Filmer vum Décken a vum Dënnen, déi e produzéiert a fir déi e Regie gefouert huet, sou wéi fir The Little Rascals (dt.: Die kleinen Strolche).

Nom Zweete Weltkrich huet hie sech méi mat Televisiounsproduktiounen ofginn, z. B. der Abbott and Costello-Show.

De Roach krut 1984 en Éierenoscar fir säi Liewenswierk.

Um Spaweck

 Commons: Hal Roach – Biller, Videoen an Audiodateien
  • hal-roach.com

Read next

In 31 languages

Text from Wikipedia, CC BY-SA 4.0 · Source article